Gantebeensmillen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gantebeensmillen
Itzig, watermolen foto4 2017-05-26 10.53.jpg
Iwwerreschter vun der Waassermillen op der Gantebeensmillen
An anere Sproochen fr: Moulin de Gantenbein
de: Gantenbeinsmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Coat of arms hesperange luxbrg.png Hesper
Buergermeeschter Marc Lies (CSV)
Koordinaten 49° 36’ 15.1’’ N
06° 10’ 11.2’’ O


D'Gantebeensmillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Hesper an et war fréier eng vu fënnef Waassermillen déi am Uelzechtdall an der Ëmgéigend vun Hamm funktionéiert hunn.

Déi wirtschaftlech Bedeitung vun de Mille laanscht d'Uelzecht bestoung virun allem doran, datt s'an der virindustrieller Zäit déi eenzeg Energieproduzente waren. Do gouf Waasserkraaft a mechanesch Energie ëmgewandelt. Ronderëm d'Millen huet d'industriell Revolutioun am 19. Joerhonnert ugefaangen.

Nach ier den neien Thomas-Procedé zu Lëtzebuerg bekannt gouf - mat deem een aus phosphorhaltegem Minett Stol gewanne kann - hat an der Géigend vun Hamm d'industriell Produktioun schonn ugefaangen d'Agrarproduktioun lues a lues ofzeléisen[1].

Wéini d'Gantebeensmillen um rietsen Uwänner vun der Uelzecht, déi fréier ënner dem Numm „Mille beim Tuerbelsfiels[1] bekannt war, gegrënnt gouf ass net bekannt; gewosst ass awer, datt et eng Schläifmille mat 2 Gebaier war[2] war, déi am Joer 1821 dem Peter Gantenbein gehéiert huet. 1823 krut hien d'Autorisatioun fir d'Platinerei an eng Mielmillen ëmzebauen[3]. 1872 ass d'Millen dunn un d'Duchfabrik vun e Bridder Godchaux verkaf ginn.

Reklamm am Wort (1946).
Déi delabréiert Gebailechkeeten vum Restaurant op der Gantebeensmillen (Mäerz 2018).

1934 huet d'Famill C. Kremer-Legros op der Gantebeensmillen um lénksen Uwänner eng oppe Schwämm an eng Wiertschaft opgemaach. 1945 war dunn d'Ouverture vun der Hostellerie Gantenbeinsmühle vum Jules Rolling[3].

De Succès vun der Schwämm mat hirem Café huet bis Ufank vun den 1960er Jore gedauert; duerno ass et méi roueg ginn a schlussendlech gouf zougemaach. An de 1970er Jore koum en neie Proprietär deen de Schwammbaseng renovéiert, e Bar op der Terrasse an e Café-Restaurant nei opgemaach huet[4].

D'Schwämm an de Restaurant hunn ... definitiv zougemaach an zënterhier stinn d'Gebaier eidel a verfalen; den 31. Mee 2017 huet et am fréiere Restaurant gebrannt[5].

De Kayak Club Olympia Hamm, deen 1936 gegrënnt gouf an zënter 1997 de Kayak Club Hesper ass, huet säi Bootshaus op der Gantebeensmillen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Aufl. 800 S. Christnach: E. Borschette ; Luxembourg: Impr. Saint-Paul, Luxemburg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gantebeensmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Hubert Marx, 1988, Leben in Hamm einst und jetzt an Ons Stad, Nr. 28, Säit
  2. Urkadasterplang
  3. 3,0 3,1 Gantebeensmillen op industrie.lu, fir d'lescht gekuckt de 6. August 2018
  4. Marie-Louise Wallers-Rykal, D'Gantebeensmillen op memories.lu - Meng Erënnerungen – Eis Geschicht, den 29. Mee 2017, fir d'lescht gekuckt de 6. August 2018
  5. Feier op der Gantebeensmillen, op rtl.lu den 31. Mee 2017, fir d'lescht gekuckt de 5. August 2018.

Häff a Lieu-diten zu Lëtzebuerg