Marc Lies
Marc Lies | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
30. Dezember 1968 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
De Marc Lies, gebuer den 30. Dezember 1968 zu Iechternach, ass e lëtzebuergesche Politiker.
Vu Beruff Employé op enger Bank, ass de Marc Lies zanter 2009 Buergermeeschter vun der Gemeng Hesper. 2000 war hien do eng éischte Kéier an de Gemengerot gewielt ginn; 2005 gouf e Schäffen.[1]
Als Folleg vun de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ass hien, als Kandidat op der CSV-Lëscht fir de Zentrum, an d'Chamber nogeréckelt, nodeem e puer vun den Éischtgewielten zum Minister ernannt gi waren. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 gouf hien erëmgewielt.[2]
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2014)[3].
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Marc Lies – Biller, Videoen oder Audiodateien |