Walbezierker zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass fir d'Chamberwalen, a véier Walbezierker agedeelt.
Dës Bezierker sinn an den Artikelen 51, 52 an 53 vun der Lëtzebuerger Constitutioun definéiert.[1] D'Ofgrenzunge vun de Walbezierker baséieren op deene vun de Kantonen.
D'Zuel vun den Deputéierten, déi an engem bestëmmte Walbezierk gewielt kënne ginn, sinn am Artikel 117 vum lëtzebuergesche Walgesetz[2] festgeluecht an droen der Awunnwerzuel vum Walbezierk Rechnung.
Bei den aktuelle 60 Deputéiertesëtz verdeelt sech dat 2011 sou:
Walbezierk | Awunnerzuel | Prozent | Zuel vun den Deputéiertesëtz | Kantonen | Ageschriwwe Wieler (2013) | Prozent vun de Wieler |
---|---|---|---|---|---|---|
Zentrum | 177 922 | 34.7% | 21 (35%) | Lëtzebuerg, Miersch | 67 232 | 28% |
Osten | 61 424 | 12% | 7 (11.7%) | Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech | 33 841 | 14% |
Norden | 78 404 | 15.3% | 9 (15%) | Klierf, Dikrech, Réiden, Veianen, Wolz | 43 198 | 18% |
Süden | 194 090 | 38% | 23 (38.3%) | Capellen, Esch-Uelzecht | 95 397 | 40% |
Fir d'Wale fir d'Europäescht Parlament gëtt et awer just ee Walbezierk, nämlech d'ganzt Land.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Wärend de Viraarbechten dofir, dat allgemengt Walrecht an d'Verfaasung anzeschreiwen, koum am Summer 1918 de Virschlag op, d'Land an zwéi Walbezierker anzedeelen, déi eng méiglechst gläich grouss Zuel u Bevëlkerung an deemno u Mandater sollten hunn.[3] Dës Andeelung wier net no geographesche Critèrern gewiescht, well z. B. d'Kantonen Esch a Klief an dee selwechte Bezierk komm wieren. De Grond derhanner war, well an der Verfassung all 3 Joer partiell Chamberwale virgesi waren. Am Mäerz 1919 huet d'Sozialistesch Partei, déi net mat där Iddi averstane war, eng Demande an der Chamber gemaach, fir datt d'Land an déi véier Bezierker sollt opgedeelt ginn, sou wéi mer se haut nach kennen. De Grond dofir war, well am Kanton Esch vill Auslänner gelieft hunn, déi zwar beim Bestëmme vun der Zuel vu Mandater eng Roll gespillt hunn, mä déi Mandater fir de Kanton (an deemno d'Sozialisten, déi do eng héich Zuel u potentelle Wieler haten), am (konservative) ländleche Raum 'verluer' géingen, wann et just déi zwéi Bezierker wéi geplangt géif. Si hunn och gefuerdert, datt déi Andeelung a véier Bezierker misst an d'Verfassung kommen, an net just an d'Walgesetz (dat méi liicht ze ännere gewiescht wier). Wat si net beduecht haten, war, datt mat der klenger Zuel vu Sëtz an de Walbezierker Norden an Osten all déi aner Parteien ausser der Rietspartei et méi schwéier haten, iwwerhaapt Deputéiert an d'Chamber ze kréien. Net zulescht dowéinst huet d'Rietspartei där Propos zougestëmmt, an zanterhier ass déi Andeelung onverännert bliwwen, trotz reegelméisseger Kritik.
Diskussioun[änneren | Quelltext änneren]
Spéitstens zanter der Aféierung vum allgemenge Walrecht, 1919, kënnt ëmmer nees zu ëffentlechen Diskussiounen doriwwer, wat besser wier: de System, wéi en ass bäizehalen, oder en z'änneren, soudatt et just nach, wéi fir d'Europawalen, een eenzege Walbezierk fir d'Chamberwale géif?
Déijéineg déi fir den aktuelle System si sträichen ervir, datt nëmme sou eng geographesch representativ Chamber zesumme kéim, wat sécherstelle géif, datt déi regionalspezifesch Intressen och Gehéier fannen. Déijéineg déi dogéint si soen, datt déi Ënnerscheeder haut keng méi sou wichteg Roll géife spillen, datt de kommunalen Niveau duergéing fir "Lokales" ze behandelen an datt een eenzege Walbezierk et engem méi einfach géif maachen, "déi Bescht" aus dem Land ze wielen, an net just "déi Bescht" aus dem Süden/Osten/Norden/Zentrum.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Michel Dormal: "Woher kommen die Wahlbezike? Wie die Sozialisten einen Systemfehler schufen." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.44, 2. November 2018, S.13.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Verfassungstext
- ↑ Artikel 117 vum Walgesetz
- ↑ vgl. Dormal (2018) an der Literatur.