Kanton Réimech
|
De Kanton Réimech (rout) am Lëtzebuerger Land | |
| An anere Sproochen |
fr: Canton de Remich de: Kanton Remich |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Chef-lieu | Réimech |
| Gemengen | Bous-Waldbriedemes, Duelem, Lenneng, Munneref, Réimech, Schengen, Stadbriedemes |
| Fläch | 12.744,2305 ha |
| Awunner | 24.827 (01.01.2026) |
| Gegrënnt | 31. August 1795 |
|
| |
De Kanton Réimech ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton Réimech läit am Südoste vum Land.
Nopeschkantonen
[änneren | Quelltext änneren]Gemengen am Kanton
[änneren | Quelltext änneren]Déi 7 Gemengen am Kanton sinn:
| LAU-Code | Gemeng | Awunner | Awunner-Datum | Fläch | Fläch-Datum |
|---|---|---|---|---|---|
| LU1201 | 2.377 | 01.01.2026 | 1.917,2011 ha | 09.07.2024 | |
| LU1202 | 2.114 | 01.01.2026 | 2.051,1297 ha | 09.07.2024 | |
| LU1203 | 5.524 | 01.01.2026 | 1.359,1512 ha | 09.07.2024 | |
| LU1204 | 4.156 | 01.01.2026 | 510,9901 ha | 09.07.2024 | |
| LU1205 | 5.265 | 01.01.2026 | 3.120,8794 ha | 09.07.2024 | |
| LU1206 | 2.023 | 01.01.2026 | 986,1112 ha | 09.07.2024 | |
| LU1207 | 3.368 | 01.01.2026 | 2.798,7678 ha | 09.07.2024 |
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Kanton Réimech geet op déi éischt Kantonsandeelung vum Departement Forêts vum 31. August 1795 zeréck. E war deemools de véierte vun de 37 Kantonen. Zu sengem Gebitt hunn och Uertschafte wéi Besch, Borg an Nenneg gehéiert, déi haut an Däitschland leien.
Am Originaltext si follgend Uertschaften opgezielt (Verbatim):
„4. Remich, qui comprend Remich, Schengen, Vocheren, Borig, Schwetsingen, Besch, Nenig, Weller-la-Croix, Bous, Stadbredimus, Neunkirchen, Erpeldange, klein-Macheren, Vies, Bech, Wellenstein, Monsdorff, Ellingen, Elvingen, Wintringen, Remischen, Hemering, Burmerange et leurs dépendances.“
Bei der Reorganisatioun vum 22. Oktober 1796 ass de Kanton bestoe bliwwen. Nom Gesetz vum 28 pluviôse an VIII (17. Februar 1800) huet en zum zweeten arrondissement communal vum Departement Forêts gehéiert.[1]
Mam Arrêté vum 15 ventôse an X (6. Mäerz 1802) gouf de Kanton nei ofgegrenzt. E bestoung aus den 13 Gemenge Besch, Borg, Bous, Biermereng, Duelem, Manderen, Munneref, Nenneg, Rëmerschen, Réimech, Stadbriedemes, Waldbriedemes a Welleschten.[2]
No der territorialer Neiuerdnung vun 1814 an 1815 gouf de Kanton Réimech un déi nei Grenze vum Groussherzogtum ugepasst. Verschidden Uertschaften a Gemengen, déi an der franséischer Zäit zum Kanton gehéiert haten, louchen duerno baussent dem Lëtzebuerger Staatsgebitt.1831 huet de Kanton Réimech aus zéng Gemenge bestanen an hat 12.579 Awunner.[3]
Bei der neier Geriichtsandeelung vum 12. Oktober 1841 war Réimech ee vun de sechs Kantone vum Geriichtsbezierk Lëtzebuerg. De Kanton bestoung aus den eelef Gemenge Bous, Biermereng, Duelem, Lenneng, Munneref, Rëmerschen, Réimech, Stadbriedemes, Waldbriedemes, Welleschten a Weiler zum Tuerm. 1843 gouf en dem Distrikt Gréiwemaacher zougedeelt.[4]
1846 gouf d'Gemeng Weiler zum Tuerm vum Kanton Réimech an de Kanton Lëtzebuerg transferéiert. Zanterhier ass d'Kantonsgebitt onverännert bliwwen. D'Zuel vun de Gemengen huet sech awer duerch Gemengefusioune reduzéiert: 2012 hu Biermereng a Welleschten mat Schengen fusionéiert, an 2023 Bous a Waldbriedemes zu Bous-Waldbriedemes.
Demographesch Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]
Quell: STATEC – Population par canton et commune, automatesch vu Wikidata agebonnen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kanton Réimech – Biller, Videoen an Audiodateien |
- ARRÉTÉ du Comité de Salut Public de la Convention Nationale, portant une nouvelle division du Territoire de la Belgique, pays de Liège et autres pays adjacens du 14 Fructidor an III (31. August 1795) mat den Detailer vun de Kantonen am Departement Forêts – Recueil des arrêtés des commissaires du gouvernement Français, S. 38 – 45
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) France, Loi du 28 pluviôse an VIII concernant la division du territoire de la République et de l’administration. Bulletin des lois de la République française. gallica.bnf.fr (17.02.1800). Gekuckt den 02.10.2026.
- ↑ (fr) France, Arrêté du 15 ventôse an X (6 mars 1802) portant réduction des justices de paix du département des Forêts. Bulletin des lois de la République française. gallica.bnf.fr (06.03.1802). Gekuckt den 02.10.2026.
- ↑ (fr) Tandel, Émile, Les communes luxembourgeoises : partie générale. Tome 1.. Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg S. 168. ark.unamur.be. Gekuckt den 03.10.2026.
- ↑ (fr) ORDONNANCE ROYALE GRAND-DUCALE du 12 octobre 1841, n° 19, concernant la fixation de la circonscription des justices de paix et le ressort des tribunaux d'arrondissement. data.legilux.public.lu (12.10.1841). Gekuckt de 05.10.2026.
