Gemeng Bous-Waldbriedemes

Vu Wikipedia
Gemeng Bous-Waldbriedemes
De Veräinsbau Jos Rennel (Mee 2023) wou déi nei Märei soll gebaut ginn
An anere Sproochen fr: Bous-Waldbredimus
de: Bous-Waldbredimus
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Chef-lieu Bous
Buergermeeschter Toto Da Costa Araujo
Fläch 2.799,3017 ha
Koordinaten 49°33'30"N, 6°18'30"O
LAU-Code LU1209
Websäit bouswaldbredimus.lu
Dat aalt Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes dat uganks als nei Märei ëmgebaut sollt ginn.

D'Gemeng Bous-Waldbriedemes (offiziell commune Bous-Waldbredimus) ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a läit am Kanton Réimech. Si ass den 1. September 2023 aus der Fusioun vun de Gemenge Bous a Waldbriedemes entstanen.

De Chef-lieu vun der Gemeng ass uganks d'Uertschaft Bous, bis déi nei Märei zu Waldbriedemes fäerdeg ass. Uganks war geplangt, dat aalt Paschtoueschhaus als Märei ëmzebauen[1], Enn 2022 ass dunn awer festgehale ginn, eng nei Märei um Terrain vum Veräinsbau Jos Rennel ze bauen[2][3].

Geschicht[4][änneren | Quelltext änneren]

Am Sënn vun enger besserer Entwécklung vun de jeeweilege Gemengen, absënns wat d'ëffentlech Servicer, d'Schafe vu kommunalen Infrastrukturen an eng performant Verwaltung ugeet, hunn d'Schäfferéit vu Bous a Waldbriedemes am Joer 2019 mat de Sondéierungsgespréicher iwwer eng eventuell Fusioun ugefaangen. Do dernieft géif d'Fusioun och finanziell Avantagë mat sech bréngen: engersäits kritt d'Fusiounsgemeng e Subsid vum Staat an anersäits ginn och aner finanziell Leeschtunge vum Staat fir eng Gemeng mat enger gewësser Gréisst méi grouss. Béid Gemengen hunn och an der Vergaangenheet schonn a verschiddene Syndikater zesummegeschafft, wéi z. B. am SIAER, SIAS, SIDERE, SIDEST, SIGI, SIGRE a SYVICOL.

De 6. September 2018 an de 4. Oktober 2018 hu béid Gemengeréit decidéiert datt d'Fusiounsgespréicher ufänke sollten an den 20. Mee 2021 sinn dem Inneminister déi detailléiert Modalitéite fir d'Fusioun presentéiert ginn. Am November 2021 hunn déi zwéi Gemengeréit festgehalen, datt d'Bevëlkerung mat engem Referendum iwwer d'Fusioun ofstëmme soll. Beim Referendum, deen an den zwou Gemengen den 3. Abrëll 2022 ofgehale gouf, haten zu Bous 57% an zu Waldbriedemes 75% vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt[1]. Am Vott a béide Gemengeréit (den 28. Abrëll 2022 zu Bous an de 5. Mee zu Waldbriedemes) gouf sech dunn definitiv drop gëeenegt, ze fusionéieren.

D'Gesetz dozou gouf den 8. Februar 2023 an der Chamber gestëmmt.[5]

De Gemengerot vun der neier Gemeng gëtt bei de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 gewielt, a funktionéiert vum 1. September 2023 un.

Finanziellen Impakt vun der Fusioun[änneren | Quelltext änneren]

De Staat bezilt der neier Gemeng e Subsid op Basis vun der Awunnerzuel op den 31. August 2023. Geschat gëtt e Montant vu 6,57 Milliounen Euro[6].

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Déi nei Gemeng ass flächeméisseg déi zweetgréisst Gemeng am Réimecher Kanton, mat ronn 3.000 Awunner, opgedeelt op 8 Dierfer.

Se grenzt am Nordwesten un d'Gemeng Conter (Kanton Lëtzebuerg) an dann, am Sënn vun der Auer, u follgend Gemengen aus dem Kanton Réimech: Lenneng, Stadbriedemes, Réimech, Schengen an Duelem.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Lieu-diten[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank besteet de Schäfferot vun der Fusiounsgemeng aus engem Buergermeeschter an dräi Schäffen, woubäi et jeeweils zwéi Memberen aus all Walsektioun (Bous a Waldbriedemes) musse sinn. Am Gemengerot sinn eelef Conseilleren, sechs Membere aus der Sektioun Bous an der fënnef vu Waldbriedemes.

No de Gemengewale vun 2029 zielen dann déi üblech Zuele wéi et am Gemengegesetz virgesinn ass[7].

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

e bemierkenswäerte Bam: d'Kéionnereech
Kräiz beim fréiere Ronnebeemchen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gemeng Bous-Waldbriedemes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Gemeinden / Bous und Waldbredimus: Die Fusion ist beschlossene Sache. www.tageblatt.lu (07.04.2022). Gekuckt de(n) 28.01.2023.
  2. Die Karten werden neu gemischt, Luxemburger Wort, 20.05.2023, S. 12-13
  3. Art. 6, Punkt (2), 1° vum Fusiounsgesetz
  4. « Exposé des motifs » am Projet de loi
  5. Nadine Schwarz: " "Der Weg ist frei für zwei neue Fusionsgemeinden." wort.lu [w+], 08.02.2023.
  6. (1.711 Awunner vu Bous + 1.274 Awunner vu Waldbriedemes) * 2.200 € = 6,567 Milliounen € (Schätzung mat den Awunnerzuele vum 01.01.2022)
  7. Loi communale du 13 décembre 1988 „Gemengegesetz“ – Artikel 5 + 38. legilux.public.lu (13.12.1988). Gekuckt de(n) 21.01.2023.
  8. "Toto da Costa Araújo wird Bürgermeister der Fusionsgemeinde." wort.lu [w+], 22.06.2023.
  9. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (2023-07-13). Gekuckt de(n) 2023-07-14.