Op den Inhalt sprangen

Gemeng Conter

Vu Wikipedia
Gemeng Conter
d'Märei vu Conter
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Contern
de: Contern
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Lëtzebuerg
Chef-lieu Conter
Buergermeeschter Dali Zhu (DP)
Awunner 4.513
  1. Januar 2024
Fläch 2.055 ha
Héicht 333 m
Koordinaten 49° 35’ 6’’ N
       13’ 37’’ O
LAU-Code LU0302
Websäit https://contern.lu/

D'Gemeng Conter ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Lëtzebuerg. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Conter vun där se och hiren Numm huet.

D'Gemeng Conter läit südëstlech vun der Stad Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 255 an 340 m (NG-L).

Nopeschgemenge si Sandweiler a Schëtter am Norden, Lenneng a Bous-Waldbriedemes am Osten, Duelem a Weiler zum Tuer am Süden an Hesper am Westen.

D'Baach Sir leeft vu Südwesten no Nordosten queesch duerch d'Gemeng.

Laanscht den CR234 läit d'Industriezon « Am Weiergewan ».

Uertschaften an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Häff a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Verkéiersubannung

[änneren | Quelltext änneren]

Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'N2 an d'N28. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 132, 153, 226 an 234 duerch d'Gemeng.

D'Eisebunnsstrecke Lëtzebuerg-Waasserbëlleg an Alzeng-Éiter duerchlafen d'Gemeng an treffen an der Uertschaft Éiter openeen.

Beschreiwung am Originaltext:

D'argent à la fasce ondée de gueules chargée de trois trangles également ondées d'or, ladite fasce accompagnée en chef d'une croix ancrée de gueules, en pointe d'une coquille de sable.
D.C. 15. Juni 1982 - A.M. 26. Juli 1982 - Mémorial B 1982, Säit 776 - Projet: Marcel Lenertz 1985

Entwécklung vun der Awunnerzuel

[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

De Gemengerot vu Conter gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

No de Gemengewale vun 2011 huet de Schäfferot sech op eng Koalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng gestäipt. No de Wale vun 2017 koum et zu eng CSV-LSAP-Koalitioun, mat als Buergermeeschtesch der Marion Zovilé-Braquet[1][2], déi och no de Wale vun 2023 bestoe bliwwen ass.

Am November 2025 koum et awer zu engem Wiessel am Gemengerot mat enger Koalitioun aus DP, LSAP an déi Gréng. Den Dali Zhu gouf neie Buergermeeschter.[3]

Zesummesetzung

[änneren | Quelltext änneren]
JoerCSVDPgréngLSAP
200534-4
20114322
20175222
2023 5 3 1 2
2025* 5 3 1 2

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu
* No engem Koalitiounswiessel.

Buergermeeschteren

[änneren | Quelltext änneren]

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Conter huet eng Zentralschoul mat Sportzentrum fir d'Spillschoul- a Grondschoulklassen (Schoul um Ewent) an der Uertschaft Conter um CR226 (rue de Syren).

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Conter ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

 Commons: Conter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Marion Zovilé-Braquet gëtt nei Buergermeeschtesch vu Conter." rtl.lu, 26.10.2017, 15:52:08.
  2. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de 06.07.2023.
  3. ["Den Dali Zhu gëtt neie Buergermeeschter zu Conter."] rtl.lu, 19.11.2025.
  4. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  5. (fr) Assermentation aux fonctions de bourgmestre et échevins de la commune de Contern. maint.gouvernement.lu (11.12.2025). Gekuckt de 27.01.2026.