CR234

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
CR234
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Hamm
op Mutfert
Verlaf Uschloss
Hamm Zeichen 102 - Kreuzung oder Einmündung mit Vorfahrt von rechts, StVO 1970.svg N 2C
Scheedhaff Zeichen 102 - Kreuzung oder Einmündung mit Vorfahrt von rechts, StVO 1970.svg CR 159
Zeichen 102 - Kreuzung oder Einmündung mit Vorfahrt von rechts, StVO 1970.svg CR 234B CR 159
Zeichen 102 - Kreuzung oder Einmündung mit Vorfahrt von rechts, StVO 1970.svg CR 173
Zeichen 102 - Kreuzung oder Einmündung mit Vorfahrt von rechts, StVO 1970.svg CR 234A
AB-Brücke.svg Eisebunnsstreck
Lëtzebuerg-Waasserbëlleg
Zeichen 215 - Kreisverkehr, StVO 2000.svg CR 226
Konter Zeichen 102 - Kreuzung oder Einmündung mit Vorfahrt von rechts, StVO 1970.svg CR 226
Mutfert AB-Brücke.svg CFL-Linn Alzeng-Éiter
Zeichen 102 - Kreuzung oder Einmündung mit Vorfahrt von rechts, StVO 1970.svg CR 132

Den CR234 ass e Chemin repris am Kanton Lëtzebuerg um Gebitt vun de Gemenge Lëtzebuerg, Sandweiler a Konter.

Den CR234 geet fort op der N2C beim Amerikanesche Kierfecht zu Hamm, féiert da laanscht de Scheedhaff, bis op den CR159, wou en no lénks ofbéit. Mat deem leeft en dann ongeféier 70 Meter zesummen no Osten bis op d'Kräizung mat dem CR234B. Op där Kräizung béit en no riets of a Richtung Konter, kräizt dann no ronn 980 Meter den CR173, fir 550 Meter méi wäit tëscht de Fabrécken Dupont de Nemours a Chaux de Contern iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg ze féieren.

No dem Rond-point mat dem CR226 kënnt kuerz viru Konter vu lénks d'Strooss vum Kréintgeshaff dran. Vum Rond-Point bis op Konter, wou se nach eng Kéier op den CR226 stéisst heescht se Rue de Luxembourg fir dann den Numm a Rue de Moutfort an duerno a Rue de Contern z'änneren. Ongeféier op der Hallschent vun der Streck op där se Rue de Contern heescht féiert se iwwer d'Eisebunnsstreck Alzeng-Éiter fir dann zu Mutfert bei der Kräizung mat dem CR132 zu Enn ze goen.

Den CR234 ass ronn 7,2 km laang.