CR110

Vu Wikipedia
CR110
Land: Lëtzebuerg
Direktioun: Vun Esch-Uelzecht
bis op CR 105
Laf an Uschlëss
Esch-Uelzecht N 4C
A 4
N 37
Éilereng CR 172
Zolwer A 13
CR 178
Z.A. Um Woeller N 32
Suessem Rouerbaach
CR 175
Nidderkäerjeng CFL-Linn
Lëtzebuerg-Péiteng
N 5
CR 110A
CR 111
Kënzeg CR 101
Millebach
Wëlleschbaach
Grass Äisch
CR 110C
Bommert A 6
Klengbetten CR 110D
CFL-Linn
Lëtzebuerg-Klengbetten
Kolerbaach
CR 106
Hoen Äisch
Wandhaff N 6
N 13
Mélicher Weier CR 189
Käerch CR 109
CR 109
Neimillen CR 105

Den CR110 ass e Chemin repris an de Kantonen Esch-Uelzecht a Capellen a geet vun Esch-Uelzecht bis op d'Kräizung mam CR105 hanner Käerch.

Den CR110 ass ronn 29,5 km laang.

Zu Esch geet en, als Deel vun der Pénétrante de Lankhëlz, vum Boulevard Grande-Duchesse Charlotte fort a Richtung Norden, béit da virun der Opfaart op d'Autobunn A4 no lénks an d'Rue Joseph-Kieffer, fir um Enn dovun no riets an d'Éilerengerstrooss (Route d'Ehlerange) ofzebéien. Kuerz dono, op der Éilerenger Säit vun der Gemengegrenz, heescht en Escher Strooss (Route d'Esch). No der Kräizung mam CR172 huet e kuerz den Numm Rue de Sanem, fir dann, um Suessemer Territoire, bis op den Aesseklapp, als Rue Aessen weiderzegoen. No der Kräizung mam CR178 huet en nees den Numm Rue de Sanem, deen dann a Rue d'Esch wiesselt. Vun der Gare Nidderkäerjeng-Suessem un heescht e Boulevard J-F Kennedy.

Zu Nidderkäerjeng leeft den CR110 kuerz iwwer/parallel mat der Nationalstrooss 5, fir dann nees no Norden als Rue de la Résistance bis bei de Rondpoint mam CR111 weiderzegoen. Dono féiert en iwwer de Schack bis op Kënzeg, wou en ufanks Rue de Bascharage, an dann, no der Kräizung mam CR101, als Rue Basse, Rue de l'Eglise a Rue de Grass, duerch d'Uertschaft geet. Nodeems en dono duerch de Rommebësch gefouert huet, geet en als Rue Principale op Grass eran a béit dann no riets an d'Rue de Kleinbettingen, déi laanscht d'Belsch Grenz, ënner der Autobunn A6, an dann der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Klengbetten erduerch, op Klengbetten geet. Do deelt e sech d'Rue de la Gare kuerz mam CR106, fir dann als Rue de Hagen nees eleng op Hoen ze goen. Do féiert en als Rue Principale bis op d'Kräizung mat der Nationalstrooss 6, an da fir kuerz parallel mat där bis no Osten op de Wandhaff bei d'Kräizung mat der Nationalstrooss 13, fir dann nees als CR110 no Norden als Rue de Koerich op Käerch ze féieren. Do ass dann hannert der Uertschaft, op der Kräizung mam CR105 bei der Äich, no bal 30 km, Schluss.

Bis an d'1990er Joeren ass den CR110 zu Esch vun der Benelux-Plaz aus duerch d'Eilerengerstrooss (Rue d'Ehlerange) gaangen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: CR110 – Biller, Videoen oder Audiodateien