CR154
| CR154 | ||
| Land: | ||
| Direktioun: | Vun Alzeng bis op Duelem | |
| Laf an Uschlëss | ||
| Alzeng | ||
Lëtzebuerg-Éiter | ||
| Siren | ||
| Bei Duelem | ||
Den CR154 ass e Chemin repris an de Kantone Réimech a Lëtzebuerg a geet vun Alzeng a südëstlecher Richtung bis op den CR153 bei Duelem.
Den CR154 ass ronn 8,2 km laang.
Chemin cyclable
[änneren | Quelltext änneren]Den europäesche Vëloswee Eurovelo 5 tëscht Calais an Brindisi an Italien (och Via Romea oder Via Francigena genannt), geet ë. a. um Wee vun der Stad Lëtzebuerg op d'Musel iwwer den CR154.
2026-2027 soll dofir dat Stéck tëscht Alzeng an Haassel an e sougenannte Chemin cyclable ëmgewandelt ginn, op deem den Autosverkéier zougelooss ass, ma d'Vitess op 50 km/h limitéiert ass an d'Vëlosfuerer Prioritéit hunn. Op den zwou Säite vun der Fuerbunn ginn 1,5 m breet rout markéiert Vëlossträife gezeechent. Domat soll den Trajet tëscht dem Uschloss un d'PC1 am Westen an dem Iwwergang zum bestoende Vëloswee am Oste vun Haassel, deen da bis op d'Ellenger Gare geet, méi sécher gemaach ginn. Et handelt sech ëm e Pilotprojet.[1][2]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Danièle Hayum: "'Chemin cyclable': Landesweit erstes Pilotprojekt für sichere Mobilität." wort.lu [w+], 23.02.2026.
- ↑ "Aménagement inédit du premier chemin cyclable au Grand-Duché de Luxembourg avec une voie suggestive de couleur rouge." Communiqué op gouvernement.lu, 23.02.2026.