Op den Inhalt sprangen

Chemin repris

Vu Wikipedia
Uertschaftsschëld mat der Indikatioun datt een um CR379 ass.

E Chemin repris (ofgekierzt CR) zu Lëtzebuerg ass e fréiere Vizinalwee[1] dee vum Staat iwwerholl gouf, an domat an d'Kompetenz vun der Bauverwaltung koum, soudatt den Ënnerhalt an d'Signalisatioun zu Laaschte vum Staatsportmonni sinn.

Um Enn vum 19. Joerhonnert hat de Staat sou 1.535 km Vizinalweeër iwwerholl, am Verglach zu den deemolege 707 km Staatsstroossen.

Am Joer 2025 gouf et 1.873 km Chemin-reprisen[2].

E Chemin repris kann och eng fréier Nationalstrooss gewiescht sinn, déi reklasséiert gouf.

Fir d'Bezeechnung vun den CR-Stroosse ginn dräistelleg Zuele benotzt, déi bei 101 ufänken a bis maximal 379 ginn, woubäi d'Nummeréierung awer net ganz duerchgängeg ass. Zousätzlech zu den Zuele kann nach e Buschtaf ugehaange gi bei meeschtens méi klenge Stroossen, déi awer dacks mat där Strooss a Relatioun sinn, déi d'Stammnummer huet. Déi Zuele stinn och op ville Stroossen- an Uertschaftsschëlter.

Entwécklung vum Reseau vun de Chemin-reprisen

[änneren | Quelltext änneren]
Joer 1954 1962 1970 1980 1990 1995 2000 2005 2010 2015 2022 2025
Km Chemin repris 1.393 1.959 1.959 1.959 1.828 1.828 1.911 1.891 1.891 1.891 1.877 1.874

Quell: STATEC[2]

 Commons: Chemin repris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Vum Latäin vicinus den Noper, also Noperschaftsweeër.
  2. 1 2 (fr) Longueur du réseau routier (en km). lustat.statec.lu (04.06.2025). Gekuckt den 03.03.2026.