Nationalstrooss

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Uertschaftsschëld mat der Indikatioun datt een op der Nationalstrooss 1 ass.

Eng Nationalstrooss ass eng Strooss, déi vun deem Staat ënnerhale gëtt, an dem se läit.

A verschiddene Länner ass Nationalstrooss e Synonym fir Staatsstrooss.

Nationalstroossen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den nationale Stroossereseau wéi mer e gréisstendeels haut nach kennen, gouf duerch d'Gesetz vum 5. Mee 1958 geschaaft[1]. Verschidde Stroosse goufen deemools an der Hierarchie méi héich, anerer méi déif klasséiert. Et goufen och Gemengestroossen a Staatsstroossen ëmklasséiert oder ëmgedréit.

Mam genannte Gesetz sollten dräi Haaptziler erreecht ginn[2]:

  • all Uertschaft sollt en direkten Uschloss un de Reseau vun de Staatsstroossen hunn
  • de Staat sollt wa méiglech déi Stroossen iwwerhuelen iwwer déi Buslinne fueren;
  • déi queesch Verbindunge mam staatleche Stroossereseau sollt bestoe bleiwen.

De Reseau vun de Nationalstroossen huet sech deemools iwwer 840 km erstreckt[2].

Eng weider grouss Ëmklasséierung vu Stroossen gouf et mam Gesetz vum 22. Dezember 1995[3]; de Reseau vun den Nationalstroossen ass dunn op 798 km erof gaangen[2].

All Land huet säin eegene System fir d'Stroossen ze nummeréieren. Zu Lëtzebuerg goufen déi éischt Nationalstroossen am Sënn vun den Zäre vun enger Auer nummeréiert, ugefaange mat der N1, der Strooss a Richtung Tréier, bis bei d'N7 (Nordstrooss)[4]. Dës Nationalstroosse fänken an der Stad un a verbannen d'Haaptstad mat anere Stied am Land.

D'Nationalstroosse si vun 1 bis 38 nummeréiert, woubäi awer net all Nummer besat ass. Do dernieft ginn et nach 8 Nationalstroossen déi nëmmen um Gebitt vun der Stad verlafen. Si kruten Nummeren iwwer 50.

Bei klenge Verbindungsstroossen, déi och zu den Nationalstroossen zielen, gëtt hannert d'Nummer vun der Strooss nach e Buschtaf dobäi gesat (z. B. N7A).

D'Nationalstroosse gi mam Verkéiersschëld E, 21d (rout mat wäisser Schrëft) gezeechent.

Entwécklung vum Reseau vun den Nationalstroossen[5][änneren | Quelltext änneren]

Joer (op den 1. Januar) 1958[6] 1990 1995 1996[2] 2000 2008 2012 2016 2017
Km Nationalstroossen 840 869 869 798 837 837 837 837 837

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux op legilux.lu, dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung, fir d'lescht gekuckt den 20. Januar 2018
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 L'historique et l'évolution du réseau routier étatique am Papier stratégique route2020.lu vun der Administration des ponts et chaussées (2007); fir d'lescht gekuckt den 20. Januar 2018
  3. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux op legilux.lu, fir d'lescht gekuckt den 20. Januar 2018
  4. Réseau routier > Autoroutes > Historique op pch.etat.lu, der offizieller Internetsäit vun der Administration des ponts et chaussées, fir d'lescht gekuckt den 20. Januar 2018
  5. Accueil > Réseau routier > Statistiques op pch.etat.lu, der offizieller Internetsäit vun der Administration des ponts et chaussées, fir d'lescht gekuckt den 20. Januar 2018
  6. 5. Mee 1958