Strooss

Vu Wikipedia
Eng bekannt Strooss an der Stad Lëtzebuerg

Eng Strooss (vum lat.: [via] strata, „geplooschterte Wee“) ass generell e Stéck Land vu variabeler, awer meeschtens grousser Längt, am Verglach zur Längt enger klenger Breet, an enger befestegter Uewerfläch, déi d'Zirkulatioun vu Persounen a Gefierer op der Strooss tëscht verschiddenen Uertschaften oder Deeler vun Uertschafte vereinfacht.

Et kann een ënnerscheeden tëscht Stroosse bannent enger Uertschaft, bei deene meeschtens op enger oder béid Säite vun der Strooss Gebaier stinn déi normalerweis vun der Strooss duerch en Trëttoir getrennt sinn, an de Stroossen, déi duerch d'Landschaft verlafen a verschidden Uertschafte matenee verbannen.

Bei ville Stroossen, besonnesch bei deene bannent enger Uertschaft, sinn am Buedemberäich ënner der befestegter Uewerfläch Installatioune wéi d'Kanalisatioun, Waasser-, Stroum, Gas- an Telefonsleitungen.

D'Gesamtheet vun de Stroossen op engem bestëmmte Gebitt gëtt als Stroossennetz bezeechent.

Stroossekategorien[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et verschidde gesetzlech Kategorie vu Stroossen:

Dës dräi Stroossekategorie gi vun der staatlecher Stroosebauverwaltung (Administration des ponts et chaussées) gebaut an ënnerhalen. All aner Stroosse gi vun der Gemengeverwaltung vun där Gemeng op där hirem Gebitt d'Strooss läit, gebaut an ënnerhalen. Et sinn dat virum allem d'Stroosse bannent den Uertschaften a méi zweetrangeg Verbindungstroossen tëschent den Uertschaften.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien