Landschaft (Geographie)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel oder Abschnitt stellt haaptsächlech eng Beschreiwung vun der Situatioun zu Lëtzebuerg duer.
Hëlleft wgl. mat d'Situatioun an anere Länner ze beschreiwen

Eng Landschaft ass ee geographescht Gebitt, dat sech duerch ënnerschiddlech Eegenschafte vun anere Gebidder ofgrenzt. Se enthält physikalesch Bestanddeeler wéi de Landschaftsraum, lieweg Bestanddeeler duerch Fauna a Flora, mënschlech Bestanddeeler duerch mënschlech Aktivitéiten an duerch déi bebauten Ëmgéigend.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Landschaft ass an der Geographie ëmstridden, e gëtt primär am Alldag gebraucht an e gëtt mat semanteschen Inhalter connotéiert, déi op physiognomesch Begrëffer auslafe wei: Harmonie, Schéinheet, Eenheetlechkeet, Villfalt, an Ofgrenzbarkeet. Ëmstridden ass dobäi den ontologesche Status vun der Landschaft als e geographescht Gebitt dat sech duerch ënnerschiddlech Eegenschafte vun anere Gebidder ofgrenzt, ob déi landschaftlech Eenheet an der Kultur an an der Geologie selwer läit oder ob se am Bewosstsinn vum Betruechter entsteet.

An der Landschaftsgeographie gëtt Landschaft als Basis vu mënschlecher Existenz an als Ausdrock vu mënschlechen Handlungen an Uerdnungsvirstellunge betruecht. Dobäi gëtt Landschaft engersäits als e stateschen Idealzoustand ugesinn, wat als eng "gesond Landschaft" bezeechent gëtt. Anerersäits gëtt Landschaft als eng stänneg Dynamik verstanen, well déi landschaftlech Objeten enger stänneger Notzung ënnerleeë sinn.

Nieft dem estheteschem Aspekt ka Landschaft vun engem Gebitt och duerch materiell Eegenschaften an de Beräicher vun der Geomorphologie, Ekologie an nach anere Geowëssenschafte systematesch analyséiert a klassifizéiert ginn. Dës Eegenschafte kënne follgend sinn: topographesch Landformen, Landschaftselementer (z. B. eenzel Beem, Bamgruppen, Bësch, Hecken, Weieren, Flëss ...), Buedembedeckung, Buedemaart, klimatesch Charakteristik, Siidlungsstruktur an aner anthropogen Agrëffer an d'Landschaft. An deem Sënn kann een, an der Hisiicht vum mënschlechen Afloss, ënnerscheeden tëscht der Naturlandschaft, eng natierlech Landschaft, an der Kulturlandschaft, déi vum Mënsch geprägt ass.

Landschafte vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Landschaft am Éislek[änneren | Quelltext änneren]

Typesch Héichtelandschaft vum Éislek mat dem Sauerdall, lénks am Bild de Misärshaff

D'Éislek gehéiert zu den Héichte vun den Ardennen a geologesch zum "Rheinischen Schiefergebirge". Et handelt sech dobäi haaptsächlech ëm eng ausgedeent Héichflächelandschaft déi liicht no Süden offält a sech topographesch staark vun der Ëmgéigend ofhieft a vun déiwen an géie Baach- a Flossdäller duerchgeschnidden ass. Déi mëttels Héicht läit bei 450 m, déi héchst bei 559 m Op Kneiff.

Mam Stauséi Uewersauer am Naturpark Uewersauer a mam Barrage vu Veianen am Naturpark Our zielt d'Éislek zwee vun de gréisste lëtzebuergesche Stéigewässer.

Am Norden ass d'Éislek geprägt vun engem wäiten, nëmme liicht hiwwelegen Héichplateau, op deem nordwestlech flaach Däller zu Suppen a Moueren tendéieren. No Süden hi ginn déi landwirtschaftlech benotzt Héichflächen duerch enk an dacks mat Wise bewuesse Flossdäller vun Uewersauer, Our, Wolz, Klierf a Blees duerchschnidden. Dës mat Bësch bewuessen Dallpente setzen sech gréisstendeels am mëttleren a südlechen Deel vum Éislek aus Louhecken zesummen. Heibäi handelt et sech ëm Eechen, déi virun ongeféier 300 Joer ugeplanzt goufen an eng grouss wirtschaftlech Bedeitung fir d'Regioun haten. Hir Schuele sinn zum Gierwe vu Lieder an de Éisleker implantéierte Gierwereie benotzt ginn. Si dominéieren haut zesumme mat de Fichtemonokulturen, déi verstäerkt nom Zweete Weltkrich ugeplanzt goufen, d'Regioun an hunn déi ursprénglech Bichebëscher gréisstendeels remplacéiert.

Nieft de sëllegen idyllesche Bauerendierfer am dënn besidelten Éislek sinn Esch-Sauer, Klierf, Veianen a Wolz nëmmen e puer vun de mëttelalterlechen Uertschaften, déi op Hiwwelkoppen oder Fielshäng iwwer stolz Schlässer a wierhaft Buerge verfügen.

Landschaft am Guttland[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebitt Guttland as een Ausleefer vum Paräisser Baseng, souwuel d'Landschaft wéi och d'natierlech Bedingungen ënnerscheede sech vum Éislek. De Buedemopbau vum Guttland besteet aus engem Wiessel vun haarden, resistenten a mëllen, erosiounsträchtege Schichten. D'Resultat dovun ass eng welleg Hiwwellandschaft, déi eng duerchschnëttlech Héicht vun 300 m huet. Als markant Biergkoppen ëm 400 m Héicht wieren ze nennen: de Schoffiels, den Helperknapp, de Réibierg an de Widdebierg. Den déifste Punkt vum Guttland ass zu Waasserbëlleg bei der Mëndung vun der Sauer an d'Musel. Vun Norden no Süde gëtt d'Guttland duerch d'Uelzecht duerchzunn.

Déi gréisst Fläch vum Guttland gëtt duerch Aker- a Wiselandschaft bestëmmt (70%). D'Bëschflächen am Guttland besti gréisstendeels aus Hobichen- an Eecheformatiounen an och aus Bichen. De Buedem am Guttland besteet gréisstendeels aus Sandsteen, virun allem op béide Säite vun der Uelzecht, awer och aus Lössleem a Kallekmergel. Eng Rei Däller, wéi déi vun der Uelzecht, Atert, a Mëttelsauer an och vereenzelt Nieweflëss hu fiicht Wiseflächen, a laanscht d'Flëss och Auebëscher (mat Elleren, Eechen, Hobichen, Eschen a Pëppelen).

D'Guttland ass awer och staark markéiert duerch Siidlungen a grouss Industriezonen (ëm 27%, Stand 1995).

Landschaft op der Musel[änneren | Quelltext änneren]

Am Verglach mat deenen anere Landschafte vu Lëtzebuerg ass d'Landschaft vun der Musel staark vum Wäibau geprägt. D'Gebitt huet duerch déi sonneg Ausriichtung an optimal Klima- a Buedemverhältnisser, déi bescht Konditioune fir de Wäibau. D'Klima ass méi dréschen a méi waarm wéi an anere Géigende vum Land. De Buedem ass fruchtbar an et handelt sech gewéinlech ëm Kallek- a Mergelbuedem.

D'Köppche vum Muselgebitt ginn als Acker- a Wisenland benotzt, vereenzelt fënnt een awer och Bëscher mat Bichen an Eechenmëschformatioune fir. Am Dall vu Schengen bis Wasserbëlleg as een ausgedeente Siedlungs- an Gewerbegebitt. D'Baggerweiere bei Rëmerschen eegne sech fir Erhuelungszwecker, se sinn awer och ee wichtege Liewensraum fir eng Rei Vullen.

Landschaft am Minett[änneren | Quelltext änneren]

De Minett ass eng relativ niddreg Hiwellandschaft (tëscht 250 bis 350 m) mat vereenzelten Hiwwelen ëm 400 m wéi den Tëtelbierg, oder driwwer wéi de Gaalgebierg, de Gehaansbierg an den Zolwerknapp. D'Landschaftsbild ass vu Siidlungen a groussen Industriefläche geprägt. De Minett gehéiert zu de reeräichste Géigenden am Land, dozou kënnt, datt de Buedem haaptsächlech aus Kallek a Mergelschichte besteet an déi héich Toungehalter féieren dozou, datt d'Waasser am Buedem staut, an et ofwiesselnd zur Vernässung an Ausdréchnung kënnt.

De Minettsbaseng huet vill Wiselandschaften, am Géigendeel dozou sinn Hiwwelen éischter vu Bëscher bedeckt (Eech, Bich, Ahorn, Kielechholz, Hobich, Lann, Wantereech) wéi och vun enger üppeger Trausch- a Krautschicht. Änlech wéi am Guttland gëtt d'Vegetatioun laanscht d'Uelzecht vun Eechen-Hobicheformatiounen, Pëppelen, Eschen a Weide bestëmmt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Mangen, J.-M., R. Schauls & J. Pir, 2018. Écologie des paysages luxembourgeois. Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse et Musée national d'histoire naturelle, 332 S. ISBN 978-99959-1-111-9
  • Naturräumliche Gliederung Luxemburgs: Ausweisung ökologischer Regionen für den Waldbau, mit Karte der Wuchsgebiete und Wuchsbezirke / Ministère de l'environnement, Ministère de l'agriculture, de la viticulture et du développement rural, Administration des eaux et forêts. - Luxemburg: Administration des eaux et forêts, 1995, [Luxemburg], Service central des imprimés de l'État.
  • Gerhard Hard (1970): Die Landschaft der Sprache und die Landschaft der Geographen. Semantische und forschungslogische Studien. Bonn (Colloquium Geographicum, Bd. 11).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Landscapes – Biller, Videoen oder Audiodateien