Landschaftsekologie

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Landschaftsecologie ass, no der Definitioun vum Geograph Carl Troll (1970), de Studium vun all de Wiesselbezéiungen tëscht de Liewensgemeinschaften an hiren Ëmweltbedingungen, déi an engem Landschafts-Ausschnëtt virkommen. Dat äussert sech raimlech an engem bestëmmte Verbreedungsmuster (en:landscape mosaic, landscape pattern), an an enger naturraimlecher Andeelung vu verschiddene Gréisstenuerdnungen. Fir déi Interaktiounen tëscht der Ëmwelt an de Liewensgemeinschafte kënnen ze studéieren huet den C. Troll Loftbiller gemaach, a konnt domat en éischte Schrëtt maache fir den Afloss vun der raimlecher Struktur op d'Organisme wéi och d'Verhalen an d'Funktionéiere vun der Landschaft als ee Ganzt z'analyséieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • C. Troll: Landschaftsökologie (Geoecology) und Biogeocoenologie. Eine terminologische Studie. 1970, S. 9-17.