Naturpark Uewersauer
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
| |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng |
Bauschelt, Wolz, Wanseler, Stauséigemeng, Esch-Sauer |
| Koordinaten | 49°54'N, 5°52'O |
| Ugeluecht | 6. Abrëll 1999 |
| Fläch | 201,56 km² |
|
Den Naturpark Uewersauer (gréng) am Lëtzebuerger Land. Hell gefierft (Géisdref) ass e Bäitrëttskandidat | |
|
| |
Den Naturpark Uewersauer (oder Öewersauer) ass ee vun den dräi Naturparken zu Lëtzebuerg(Stand: Mäerz 2026), op der Basis vum Gesetz vum 10. August 1993[1]. D'Amenagement an d'Gestioun vum Park gëtt vum Syndicat pour l'aménagement et la gestion du parc naturel de la Haute-Sûre assuréiert.
Zu Esch-Sauer op der Lëlzer Strooss ass am Gebai vun enger fréierer Duchfabréck, d'Maison du parc naturel de la Haute-Sûre, en Touristeninformatiounszenter fir den Naturpark Uewersauer mat enger Ausstellung iwwer dat Gebitt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Naturpark Uewersauer gouf de 6. Abrëll 1999 mat engem groussherzogleche Reglement an d'Liewe geruff[2]. D'Grënnungsreglement huet virgesinn, datt de Status vum Naturpark op zéng Joer limitéiert wier, ausser e géif ausdrécklech fir déi selwecht Period erneiert ginn. Den Naturpark war uganks op d'Gebitt vu follgende siwe Gemengen definéiert:
D'Groussherzoglecht Reglement vum 23. Februar 2010 huet dem Park säi Status ëm zéng Joer verlängert, d'Gebitt vun der Gemeng Ell – dat souwisou ni un den Territoire vun den anere Gemengen ugeschloss war – gouf awer erausgeholl[3].
Nach ier déi zéng Joer ofgelaf waren, koum et duerch d'Reglement vum 17. Mäerz 2016 zu Ännerungen: d'Lafzäit vum Park gouf nees ëm zéng Joer verlängert an absënns wéinst der Gemengefusioun vun 2012 sinn d'Gemengen Heischent an Néngsen als Member ewech gefall. Déi nei Gemeng Wolz (Fusioun vun 2015) koum awer als neie Member bäi [4].
Zanterhier ëmfaasst den Naturpark Uewersauer d'Gebidder vun de fënnef Gemengen hei drënner, mat enger Fläch vun am Ganzen 201,56 km² an eppes méi wéi 3.300 Awunner.
| Gemeng | Awunner[5] | Fläch[5]
km² | |
|---|---|---|---|
| Bauschelt | 1.579 | 3.240,3002 | |
| Esch-Sauer | 3.373 | 5.144,1539 | |
| Stauséigemeng | 2.320 | 4.868,1022 | |
| Wanseler | 1.590 | 3.062,9319 | |
| Wolz | 8.538 | 3.950,0488 | |
| Bäitrëttskandidat | |||
| Géisdref | 1.682 | 2.940,849 | |
Zënter Januar 2020 leeft e Projet fir d'Gemeng Géisdref méi spéit eng Kéier an den Naturpark mat anzebannen[6]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Naturpark Uewersauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Loi du 10 août 1993 relative aux parcs naturels. data.legilux.public.lu (10.08.1983). Gekuckt den 18.03.2026.
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 6 avril 1999 portant déclaration du Parc Naturel de la Haute-Sûre. data.legilux.public.lu (06.04.1999). Gekuckt den 18.03.2026.
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 23 février 2010 portant renouvellement du statut du Parc Naturel de la Haute-Sûre. data.legilux.public.lu (23.02.2010). Gekuckt den 18.03.2026.
- ↑ (fr) Règlement grand-ducal du 17 mars 2016 portant renouvellement et modification du statut du Parc naturel de la Haute-Sûre. ata.legilux.public.lu (17.03.2016). Gekuckt den 18.03.2026.
- 1 2 Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
- ↑ (de) Mitgliedsgemeinden. www.naturpark-sure.lu. Gekuckt den 18.03.2026.
