Naturpark Mëllerdall

Vu Wikipedia
Naturpark Mëllerdall
D'Huellee am Mëllerdall
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°47'8,27"N, 6°19'29,62"O
Ugeluecht 17. Mäerz 2016
Fläch 256 km²
Fielswänn (Werschrummschlëff)

Den Naturpark Mëllerdall ass en Naturpark zu Lëtzebuerg, deen den 10. Juni 2016 offiziell, a Presenz vum Groussherzog Henri, lancéiert gouf[1].

En ëmfaasst 255,72 km² Fläch, verdeelt op 11 Gemengen, mat ronn 25.500 Awunner[2]. Et sinn dat Bäerdref, Beefort, Bech, Fëschbech, Fiels, Hiefenech, Iechternach, Konsdref, Noumer, Rouspert-Mompech a Waldbëlleg[3].

E geet op eng Initiativ vun 2006 vun der Aarbechtsgrupp Naturpark Müllerthal zeréck, déi d'Regional Initiativ Mëllerdall (RIM) op d'Been gesat huet. D'betraffe Gemengen hunn 2007 mat der RIM eng Konventioun ofgeschloss an e Gemengesyndikat geschaaft, fir sou zesummen um Projet ze schaffen.

De 26. Juli 2010 gouf d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Aarbechtsgrupp, déi de Projet ëmsetze soll, ugeholl[4]. Bis 2012 huet dës Aarbechtsgrupp eng Pré-étude ausgeschafft, déi 2013 bis 2014 am Detail preziséiert gouf[5]. Den 31. Juli 2014 gouf de Projet de réglement portant déclaration du parc naturel Mullerthal an der Chamber agereecht[3]. Den Naturpark Mëllerdall gouf de 17. Mäerz 2016 duerch e Règlement grand-ducal an d'Liewe geruff[6].

Unesco Global Geopark[änneren | Quelltext änneren]

2017 hat den Naturpark Mëllerdall eng éischt Kandidatur virbereet fir vun der Unesco als Global Geopark unerkannt ze ginn. Deemools war de Projet awer net zeréckbehale ginn. Am Oktober 2020 ass dunn eng zweete Kandidatur agereecht ginn[7] an am Abrëll 2022 gouf den Naturpark Mëllerdall als Global Geopark vun der Unesco ausgezeechent[2][2][8][9].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Lancement officiel du Parc naturel Mëllerdall." gouvernement.lu, 13.06.2016 (15:43).
  2. 2,0 2,1 2,2 L'UNESCO désigne 8 nouveaux géoparcs mondiaux. Gekuckt de(n) 16. Abrëll 2022.
  3. 3,0 3,1 Nadine Schartz: "Gemeinsam für die Region." in Luxemburger Wort 17./18. Oktober 2015, S.42-43.
  4. Règlement grand-ducal du 26 juillet 2010 concernant la composition, l'organisation et le fonctionnement du groupe de travail chargé de l'élaboration du projet du Parc naturel de la région du Mullerthal. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-03-21.
  5. Etude détaillée op naturpark-mellerdall.lu
  6. Règlement grand-ducal du 17 mars 2016 portant déclaration du Parc naturel du «Mëllerdall». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-03-21.
  7. Bingenheimer,V., 2020. Viel dazu gelernt. Natur- und Geopark bereitet zweite Bewerbung um Unesco-Titel vor.. Luxemburger Wort vum 6./7. Juni 2020, S. 37
  8. Zweiter Anlauf erfolgreich, Unesco nimmt Geopark Mullerthal auf. Gekuckt de(n) 16. Abrëll 2022.
  9. Erfolg bei Bewerbung zum „Global Geopark“, Begeisterung im Müllerthal über Unesco-Titel. Gekuckt de(n) 16. Abrëll 2022., Anerkennung im zweiten Anlauf, Luxemburger Wort, 15. Abrëll 2022, S. 28