Gemeng Hiefenech

Vu Wikipedia
Hiefenech
Wappen Hiefenech.svg
Hiefenech nei Märei-001.jpg
D'Gemengenhaus
An anere Sproochen fr: Heffingen
de: Heffingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Buergermeeschter Jérôme Seiler
Awunner 1.520
  1 Januar 2021
Fläch 1.334 ha
Héicht 352 m
Koordinaten 49° 46’ 12’’ N
      06° 14’ 24’’ O
Websäit http://www.heffingen.lu
Map Heffingen.PNG
D'Gemeng Hiefenech (orange)
am Kanton Miersch (rout)

D'Gemeng Hiefenech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Miersch. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Hiefenech vun där se och hiren Numm huet.

Uertschaften an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Zur Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Hiefenech huet eng Fläch vun 13,34 km² a läit am Kanton Miersch am Zentrum vum Land.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1935 koum Hiefenech an d'Gespréich duerch d'Entdeckung vum Graf vum Loschbur-Mann, dem eelste Lëtzebuerger, ënner de Fielse laanscht déi kleng Baach Lëschbur. D'Graf gouf vum Charles Weber entdeckt, deen zesumme mam Nicolas Thill a Marcel Heuertz am Mëllerdall no prehistoresche Spuere gesicht huet.

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Awunner haut (2014)[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng wunnen 1.229 Persounen (Stand: 29. Juli 2014), dovu 827 Lëtzebuerger (67,3 %) an 402 Auslänner (32,7 %). D'Portugisen hu mat 12,3 % vun der Gesamtbevëlkerung déi gréisst auslännesch Communautéit gestallt.[Source?]

E bësse méi wéi d'Hallschent vun der Populatioun ass weiblech (616 Persounen, 50,1 %). Mat 934 Awunner war d'Uertschaft Hiefenech déi mat de meeschten Awunner an der Gemeng.[Source?]

Awunner no Nationalitéit 2014
Rang Nationalitéit
Awunner
1 LuxembourgLuxembourg Lëtzebuergesch 827
2 PortugalPortugal Portugisesch 152
3 BelgiumBelgium Belsch 35
4 NetherlandsNetherlands Hollännesch 20
5 PolandPoland Polnesch 24
6 United KingdomUnited Kingdom Brittesch 19
7 FranceFrance Franséisch 28
8 ItalyItaly Italieenesch 15
9 GermanyGermany Däitsch 19
Aner Nationalitéiten 90
Total 1229

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • ...
  • 1844: Georges Lehnerts[2]
  • ...
  • ... - 2014: Guy Schiltz
  • 2014 - 2017: Henri Kauffmann
  • zanter 2017: Jérôme Seiler

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Hiefenech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hiefenech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844