Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d'intérêts communaux généraux

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) SYVICOL)
SYVICOL
Syndicat des villes et communes luxembourgeoises
Leedung Emile Eicher
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Membergemengen Ärenzdallgemeng, Bäerdref, Bartreng, Bauschelt, Bech, Beefort, Beetebuerg, Helperknapp, Bettenduerf, Betzder, Biekerech, Biissen, Biwer, Bous, Buerschent, Colmer-Bierg, Conter, Déifferdeng, Diddeleng, Dikrech, Dippech, Duelem, Ell, Ëlwen, Esch-Sauer, Esch-Uelzecht, Ettelbréck, Feelen, Fëschbech, Fiels, Fluessweiler, Fréiseng, Garnech, Géisdref, Gréiwemaacher, Groussbus, Habscht, Iechternach, Ierpeldeng op der Sauer, Hesper, Hiefenech, Jonglënster, Käerch, Käerjeng, Keel, Kielen, Kiischpelt, Klierf, Konsdref, Koplescht, Leideleng, Lenneng, Lëntgen, Lëtzebuerg, Luerenzweiler, Mäertert, Mäerzeg, Mamer, Manternach, Miersch, Monnerech, Munneref, Nidderaanwen, Noumer, Parc Housen, Péiteng, Pëtschent, Préizerdaul, Rammerech, Reckeng op der Mess, Réiden op der Atert, Réimech, Reisduerf, Réiser, Rëmeleng, Rouspert-Mompech, Sandweiler, Schëffleng, Schengen, Schëtter, Schieren, Sëll, Stadbriedemes, Stauséigemeng, Steesel, Stengefort, Stroossen, Suessem, Tandel, Useldeng, Veianen, Viichten, Wäiswampech, Wal, Waldbëlleg, Waldbriedemes, Walfer, Wanseler, Weiler zum Tuer, Wëntger, Wolz, Wuermer
Gegrënnt 29. November 1986
Websäit https://www.syvicol.lu

De Syndicat intercommunal à vocation multiple des villes et communes luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d'intérêts communaux généraux, kuerz SYVICOL ass en interkommunale Syndikat, deen all d'Gemenge vum Lëtzebuerger Land zesummeschléisst.

No dem Artikel 1 vun de Statuten ass SYVICOL den Akronym fir: Syndicat des Villes et Communes Luxembourgeoises.

D'Büroe vum Syvicol fënnt een op Nummer 3 an der Rue Guido-Oppenheim an der Stad Lëtzebuerg.

Statute[änneren | Quelltext änneren]

Seng Statute goufen duerch Arrêté grand-ducal vum 29. November 1986 festgehalen (Mémorial B-87: 1612).

Déi neist Statute sinn den 20. Juli 2006 am Mémorial (B-53: 778-782) publizéiert ginn[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

AVCL[änneren | Quelltext änneren]

D'Virgängerorganisatioun war d'AVCL (Association des villes et communes luxembourgeoises), déi zanter 1951 d'Interesse vun de lëtzebuergesche Gemengen op europäeschem an internationalem Plang vertrueden huet. Presidente waren:

AVCL
President vun bis
Hubert Clement 1951 1954
Antoine Krier 1954 1963
Henry Cravatte 1964 1964
Jos Wohlfart 1965 1970
Henry Cravatte 1970 1986

D'AVCL war e Veräin deen d'Gemengen ni all konnt vertrieden. Bis d'Mëtt vun den 1980er Jore ware follgend Gemengen nach net bäigetrueden: Esch/Uelzecht, Diddeleng, Suessem, Réiser a Schëffleng.

SYVICOL[änneren | Quelltext änneren]

Ënner dem Impuls vum Henry Cravatte gouf 1986 d'AVCL opgeléist an de Syvicol an d'Liewe geruff.

Zanter 1993 sinn all d'Gemenge vum Land Member vum Syvicol. Presidente waren:

SYVICOL
President vun bis
Henri Cravatte 1986 1990
Léon Bollendorff 1990 1983
Norbert Konter 1994 1999
Jean-Pierre Klein 2000 2009
Dan Kersch 2009 2012
Emile Eicher 2012

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arrêté grand-ducal du 10 juillet 2006 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat intercommunal à vocation multiple des Villes et Communes Luxembourgeoises pour la promotion et la sauvegarde d'intérêts communaux généraux et communs (Syvicol). www.syvicol.lu Gearchiveerd op 2020-08-22. Gekuckt de(n) 20.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW