Gemeng Habscht

Vu Wikipedia
Gemeng Habscht
An anere Sproochen fr: Habscht
de: Habscht
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Capellen
Chef-lieu Äischen
Buergermeeschter Serge Hoffmann (CSV)
Awunner 4.992
  1. Januar 2023
Fläch 3.251 ha
Héicht 278 m
Koordinaten 49° 41’ 15.0’’ N
      05° 54’ 51.998’’ O
LAU-Code LU0103
Websäit http://www.habscht.lu

D'Gemeng Habscht ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Äischdall am Kanton Capellen. Op den 1. Januar 2023 hat se 4.992 Awunner. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Äischen. D'Gemengenhaus steet um Dänn.

Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng sech ëm den Territoire vun der fréierer Gemeng Simmer vergréissert, mat där se fusionéiert huet.

Uertschaften an der Gemeng[1][änneren | Quelltext änneren]

Zu der Gemeng gehéieren nach follgend Häff a Lieu-diten:

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Habscht läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen op der belscher Grenz. Nopeschgemenge si Biekerech a Sëll am Norden, Käerch a Stengefort am Süden, Helperknapp a Kielen am Osten. Am Weste stéisst se un déi belsch Gemeng Arel. Duerch d'Gemeng leeft d'Äisch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

ouni déi fusionéiert Uertschafte vun der fréierer Gemeng Simmer:

No der Fusioun:

Quell:STATEC

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengewale vun 2011 gouf zu Habscht[5] eng éischt Kéier nom Proporz- an net méi nom Majorzsystem gewielt. Zur Wal stoungen 11 Gemengeréit (virdrun: 9).

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer CSV DP LSAP
2011 8 - 3
2017 8 2 1
2023 6 3 2

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Fusioun[änneren | Quelltext änneren]

Am September 2013 hunn d'Buergermeeschtere vun Habscht a Simmer bekannt gemaach, hir Gemenge wëllen ze fusionéieren. Nodeems de 25. Mee 2014 an engem Referendum an der Gemeng Simmer 59,75 Prozent vun de Wieler fir eng Fusioun gestëmmt haten,[6] hu sech den 9. November 2014 och an der Gemeng Habscht bei sou engem Referendum 59,3 % vun de Wieler dofir ausgeschwat.[7] 2012 hat Simmer scho wolle mat der Gemeng Käerch fusionéieren; an der leschtgenannter hate sech awer deemools 56% géint eng Fusioun mat Simmer ausgeschwat.[8] De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt.[9],[10]

Bei de Gemengewalen vum 11. Juni 2023 gouf an der Fusiounsgemeng nom Proporzsystem gewielt, iwwerdeems bei de Wale virdrun (2017) an der deemoleger Sektioun Habscht 2017 schonn nom Proporzsystem, an der Sektioun Simmer awer nach nom Majorzsystem gewielt gouf[11].

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

D'Fusiounsgemeng Habscht huet keen eegene Wopen; se benotzt gemenkerhand déi zwéi Wope vun de fréiere Gemengen Habscht a Simmer niewenteneen.


Habscht
Beschreiwung am Originaltext:

Taillé de gueules et d'azur à la barre ondée d'argent brochante accompagnée en chef d'une couronne d'or et en pointe d'une fontaine d'argent.
D.C. 17. Juli 1980 - A.M. 6. November 1980 - Mémorial B 1980, Säit 1143 - Projet: Marcel Lenertz 1980


Simmer
Beschreiwung am Originaltext:

De gueules à la croix ancrée d'argent chargée en abîme d'une tour crénelée et ouverte de gueules ajourée et maçonnée de sable.
D.C. 27. Juli 1983 - A.M. 4. Oktober 1983 - Mémorial B 1983, Säit 1144- Projet: Marcel Lenertz 1983

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Habscht ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Habscht – Biller, Videoen oder Audiodateien
Habscht vum Millepesch gesinn

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  3. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX Gearchiveerd op 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-11-04.
  4. Un peu d'histoire op hobschied.lu.
  5. an der Sektioun Habscht vun der haiteger Fusiounsgemeng
  6. "Fusioun mat Habscht? Simmer seet jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:26:52.
  7. "Habscht: 59,73% fir eng Fusioun mat der Gemeng Simmer." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 10:43:15.
  8. "Fusioun Simmer/Habscht: Buergermeeschtere hoffen op positive Referendum zu Simmer." rtl.lu, 24.05.2014, 10:00:51.
  9. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.
  10. "Neue "Gemeng Habscht" ab 2018?" wort.lu, Veröffentlicht am 27.09.13 13:12.
  11. (lb)Gemengewalen. gouvernement.lu (19.08.2022). Gekuckt de(n) 09.06.2023.