Äischdall
Den Äischdall, och Dall vun de siwe Schlässer genannt, läit am Weste vu Lëtzebuerg. E gëtt vun der Äisch duerchfloss.
Vun Äischen bis op Miersch kann een iwwer den CR105 duerch den Äischdall fueren.
Inhaltsverzeechnes
Gemengen am Äischdall[änneren | Quelltext änneren]
Et gëtt sechs Gemengen am Äischdall:
Buergen a Schlässer am Äischdall[änneren | Quelltext änneren]
Déi siwe Buergen a Schlässer déi zu der Bezeechnung "Dall vun de siwe Schlässer" gefouert hunn, sinn:
- d'Fockeschlass vu Käerch (ass ganz verschwonnen)
- d'Gréiveschlass vu Käerch
- d'Schlass vu Simmer
- d'Schlass vun Aansebuerg
- d'Buerg vun Aansebuerg
- d'Buerg vun Huelmes
- d'Schlass vu Miersch
Fréier Schmelzen am Äischdall[änneren | Quelltext änneren]
[änneren | Quelltext änneren]
2010 huet d'Lëtzebuerger Post e Set vun zéng Timbere mat zwee verschidde Motiver ënner dem Motto "Les châteaux de la Vallée de l'Eisch" erausginn. Op fënnef identeschen Timbere sinn d'Gréiveschlass vu Käerch, d'Schlass vu Simmer an d'Schlass vun Aansebuerg ofgebilt, op deenen anere fënnef d'Buerg vun Aansebuerg, d'Buerg Huelmes an d'Schlass vu Miersch. D'Zeechnunge vun den Timbere si vum belschen Aquarellist an Illustrateur Michel Demart.