Simmer Schmelz

Vu Wikipedia

D'Simmer Schmelz, am Lieu-dit Simmerschmelz, an der Gemeng Habscht, war eng vun deenen eelste Schmelzen zu Lëtzebuerg.

De 5. Oktober 1624 hunn den Nicolas an den Thomas Bidart vun Dinant zu Aansebuerg eng Schmëdd mat engem Eisenhummer installéiert, an tëscht Simmer a Rued bei engem Weier op Enderen, en Héichuewen.

E puer Joer drop huet den Thomas Bidart d'Entreprise eleng iwwerholl, an no sengem Doud 1670 ass se un 2 vu sengen Eedeme gaangen; de François-Nicolas Thomassin-Bidart huet d'Schmëdd vun Aansebuerg kritt, de Thomas Marchant-Bidart d'Simmer Schmelz, ier Aansebuerg e puer Joer drop och a säi Besëtz goung. Him huet zu där Zäit och d'Dummeldenger Schmelz gehéiert. Hie gouf deen éischte Grof vun Aansebuerg.

An der Simmer Schmelz ass ufanks haaptsächlech Äerz vu Kënzeg a vun Hoen verschafft ginn. 1767 ass en zweeten Héichuewen a Betrib geholl ginn. 1825 sinn déi zwéin Iewen ausgemaach ginn, mä goufen 1841 nees a Betrib geholl. 1852 gouf se vum Auguste Metz gepacht, mä no 5 Joer war et fir zerguttst eriwwer mat der Simmer Schmelz.

Eng Zäit laang huet e Fierschter am Haus vun der Direktioun gewunnt. 1905 huet eng Bréisseler Firma den Terrain opkaaft, spéider gouf en Hotel-Restaurant am Haus installéiert.

Den Numm Simmerschmelz ass bis haut als Uertschaftsnumm erhale bliwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Dollar: La Simmerschmelz et les Forges d'Ansembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]