Siderurgie zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen um Artikel weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst w.e.g. d'Schabloun stoen.

D'Siderurgie zu Lëtzebuerg huet am industrielle Beräich, och no der industrieller Reconversioun, déi zanter den 1960er Jore war, weider déi éischt Plaz.

Historesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Eisen ass scho vun de Kelten an de Géigende vum haitege Lëtzebuerg ofgebaut a verschafft ginn. Op der Gläicht tëscht Esch-Uelzecht a Rëmeleng goufen archeologesch Rechter dovu fonnt. Am Genoeserbusch bei Peppeng goufen 2003-2005 Iwwerreschter vun enger Schmelzanlag aus dem 13./14. Joerhonnert fräigeluecht an ausgewäert.[1]

A virindustrieller Zäit (17.-18. Joerhonnert) gouf et eng Rëtsch kleng Schmelzen uechter d'Land, déi bei Flëss (wéinst der Waasserkraaft) oder bei Bëscher louchen (wou Holzkuel produzéiert gouf). Verschafft gouf Bounäerz, dat doruechter fonnt gouf. Just e grappvoll Leit hunn an deene Schmelze geschafft, dobäi koumen Doléiner a Baueren, déi d'Kuel beschaaft oder transportéiert hunn.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet dat sech radikal geännert: Lëtzebuerg war 1842 dem Zollveräin bäigetrueden an hat Zougang zu engem grousse Marché am Osten. 1841/42 gouf et 11 Héichiewen zu Lëtzebuerg déi alleguer mat Holz befeiert goufen an eng Joresproduktioun vu 7300 Tonnen (T) erreecht hunn. Déi Héichiewe waren a folgenden Dierfer:[2]

Uertschaft Zuel vun den Héichiewen Joresproduktioun
Bäerbuerg 1 700 T
Rolleng 2 900 T
Biissen 2 1400 T
Kolmer-Bierg 1 700 T
Fëschbech 2 1500 T
Grondhaff 1 700 T
Aansebuerg 1 700 T
Dummeldeng 1 700 T

E wichtegt Element war och de Bau vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Diddenuewen, mat Uschloss doriwwer eraus un déi europäesch Industrie-Basengen. D'Konsequenz war, datt et rentabel gouf, fir Kock erbäizeschafen. Kock huet e Brennwäert, dee 5-mol méi héich ass wéi dee vun der Holzkuel.

Alles dëst huet mat sech bruecht, datt d'Schmelzhäre sech ëmmer méi fir d'Minett interesséiert hunn.[3] Tëscht 1854 an 1869 gouf et, virun allem vu belschen a preisesche Firmen, 64 Demandë fir eng Konzessioun ze kréien, Minett ofzebauen. Ongeféier 2/3 vun der ofgebauter Minett goufen dann och an d'preisescht Rheinland an an d'Belsch exportéiert.

D'Lëtzebuerger Chamber huet 1870 e Gesetz gestëmmt, dat de Staat zum Besëtzer vun alle Minett-Virkomme vun enger bestëmmter Déift ënner dem Buedem u gemaach huet. 1880 koum e Gesetz dobäi, dat nei Konzessioune fir Minett ofzebauen un d'Konditioun gebonnen huet, datt dës zu Lëtzebuerg selwer huet misse verschafft ginn.

Dëst huet et bestëmmte Lëtzebuerger Famillen erméiglecht, eng Schlësselroll bei de Schmelzen ze spillen.

D'Bridder Charles, Norbert an Auguste Metz hunn 1838, mat Hëllef vun der belscher Investissements-Holding Société d'industrie luxembourgeoise, d'Société en commandite Auguste Metz & Cie gegrënnt. Si hunn d'Schmëdd vu Bäerbuerg vum Jean-Nicolas Collart gepacht an 1845 eng Schmelz zu Eech gebaut. 1847 hu si d'Parte vun hiren Investisseuren ofkaaft, an d'Gesellschaft Metz & Cie als Familljebetrib virugefouert.

1865 hunn d'Bridder Metz zu Dummeldeng eng modern Schmelz, mat véier Héichiewe gebaut, déi Kock a Minett verschafft huet.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dummeldenger Schmelz

D'Metze Schmelz, kuerz no hirer Grënnung

1870 huet den Norbert Metz seng Gesellschaft mat der SA des Mines du Luxembourg et des Forges de Saarbruck associéiert, déi vum Victor Tesch geleet gouf. 1871 krute se d'Autorisatioun, fir zu Esch-Uelzecht eng Schmelz opzeriichten: d'Metze Schmelz (dat spéider an ARBED-Schëffleng ëmbenannt gouf). Dës Schmelz huet am Ufank Goss produzéiert, deen zu Burbach verschafft gouf. Zur selwechter Zäit gouf zu Esch vun de Bridder Dominique-Alexis a Pierre Brasseur d'Brasseur-Schmelz (déi spéider ARBED Terres Rouges) gegrënnt. D'Joer drop hunn d'Stengeforter Schmelzbesëtzer Charles a Jules Collart mat aneren Aktionären eng Schmelz zu Rodange opgeriicht. D'nämmlecht Joer goufen zu Rëmeleng Héichiewe vun der SA Gonner, Munier et Helson gebaut.

An den 1880er Jore koum et zu enger weiderer wichteger Ännerung: d'Metzen hunn d'Lizenz fir dee vum Sidney Thomas a Percy Gilchrist 1879 entwéckelte Procedé kaaft, deen et erméiglecht, aus Goss Stol ze maachen. Si hunn dëst neit Verfahre fir d'éischt zu Eech ugewannt, mä geschwënn duerno eng nei Schmelz zu Diddeleng baue gelooss, déi ausschliisslech nom neie Procedé produzéiert huet. Fir dës Schmelz ze bedreiwen hu se sech mam Victor Tesch an dem Grof de Bertier, deem e groussen Deel vun den Terrainen zu Diddeleng gehéiert hunn, zesummegedoen, an d'Société anonyme des Hauts-fourneaux et Forges de Dudelange gegrënnt.

Vun 1880 u bis zum Éischte Weltkrich stoung d'Lëtzebuerger Stolindustrie ganz an der Ofhängegkeet vun Däitschland (wouzou zanter 1871 och e groussen Deel vu Loutrenge gehéiert huet): Bis zu 70 % vun der Produktioun gouf dohi verkaaft, 90 % vum Kock gouf aus der Ruhr importéiert. D'Maschinnen an d'Technik koumen aus Däitschland, sou wéi och d'Fachpersonal fir drop ze schaffen an d'Ingenieuren. D'Decisiounszentrum war an der Ruhr, Lëtzebuerg war just eng Zort Peripherie, wou Réimaterial oder hallef fäerdeg Produkter gemaach goufen, fir an der Ruhr verschafft ze ginn.

Ëm d'Joerhonnertwenn koum et zu Lëtzebuerg zu enger méi staarker vertikaler Integratioun. Den Ofbau vun der Minett, d'Gewënnung vum Eisen, d'Reduktioun zu Stol an d'Verschaffen (d. h. d'Walzen) dovu goufen direkt niefteneen organiséiert. Och d'Entreprisen hu sech zu ëmmer méi grousse Konzerner zesummegeschloss: