Arbedsgebai

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'viischt Fass laanscht d'Nei Avenue (2011)
Fronton vum Entréesportal

Arbedsgebai ass de gängegen Numm vum fréiere Verwaltungsgebai vun der ARBED, dat 1920 an der Neier Avenue, vis-à-vis vum Rousegäertchen an der Stad Lëtzebuerg gebaut gouf. Architekt war de Fransous René Théry, d'Bauaarbechte goufe vum Sosthène Weis ausgefouert.

Et gehéiert zanter November 2014 der Spuerkeess, déi dodra Bureaue, Empfanksraim a Seminärsäll amenagéiert huet. Et gouf a senger neier Funktioun, an ënnert dem neien Numm "19 Liberté", de 5. Juli 2016 ageweit.[1]

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai steet op enger Fläch vun 59,37 Ar, a bitt ronn 15.000 m2 Notzfläch. Wéi et a Betrib geholl gouf, gouf et am Gebai ë. a. och Salonen a Fumoiren, Versammlungssäll, e Restaurant, eng Bibliothéik, e Festsall, an souguer eng Keelebunn an e Gymnastiksall.[2]

Et ass an engem Stil, inspiréiert un deem vun de franséische Schlässer aus dem 17. an 18. Joerhonnert. Gebaut gouf et aus Stol a Beton-armé, mä d'Fassade sinn aus Sandsteen. Iwwer dem Aganksportal ass eng Skulptur vum René Rozet, déi d'Kréinung vum Merkur duerch d'Viktoria, a Presenz vun enger Allegorie vun der Wëssenschaft, representéiert, mat zu hire Féiss Mënzen an en Zännrad, déi de wirtschaftleche Succès vun der Industrie symboliséieren. Nieft hinne si Putten déi e Globus aus Koffer droen, en Hiwäis op d'weltwäit Aktivitéit vun der Entreprise.[2] Verschidde Skulpturen op der Baussefass si vum Duilio Donzelli.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem d'Arbed erstäerkt aus dem Éischte Weltkrich ervir goung – si hat en Deel vun de Schmelzen opkaaft, déi d'Gelsenkirchener Hütten A.G. huet missen als Folleg vun der däitscher Néierlag verkafen – huet se séier decidéiert, en neie representative Sëtz fir hir Zentralverwaltung bauen ze loossen.

Erausgesicht gouf en Terrain am Garere Quartier, laanscht d'monumental Achs tëscht der Neier Bréck an der Stater Gare.

De franséischen Architekt René Théry huet d'Pläng vum Gebai entworf. Den ausféierenden Architekt war de Sosthène Weis. Nom Doud vum Théry, 1922, huet hien d'Aarbechten eleng fäerdegmaache gelooss. Et gouf den 9. Dezember 1922 ageweit.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung 1940-44 hat de Gauleiter Gustav Simon sech an engem Fligel vum Gebai installéiert.

Wéi d'Arbed och, ass d'Gebai fir d'éischt un Arcelor, dunn un ArcelorMittal iwwergaangen. ArcelorMittal huet d'Gebai net méi fir hir Verwaltung benotzt, mä fir Formatiounen dran ofzehalen.

Am November 2012 gouf bekannt, datt d'ArcelorMittal d'Gebai vun 2013 un net méi benotze géif – den Entretien wier ze héich.[3] Doropshin gouf eng Procedure an d'Weeër geleet, d'Gebai als nationaalt Monument ze klasséieren,[4] wat dann och de 7. Mäerz 2014 definitv geschitt ass.[5]

De 14. November 2014 gouf eng Konventioun tëscht ArcelorMittal an der Spuerkeess ënnerschriwwen, zesumme mam Finanz- a Wirtschaftsminister, duerch déi d'Gebai an de Patrimoine vun der Spuerkeess iwwergoung.[6] De Präis vun där Transaktioun louch bei 97 Milliounen US-Dollar[7] (enger 87 Millioune Euro).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arbedsgebai – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Aus "Arbedsgebai" wird "19 Liberté". wort.lu, 5. Juli 2016, 19:30.
  2. 2,0 2,1 Philippart 2011 (cf. Literatur).
  3. "Arbedsgebai: Gebai an der Neier Avenue vun 2013 un eidel." RTL.lu - 23.11.2012, 10:52 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.11.2012, 12:05.
  4. "Arbedsgebai: Besëtzer kann net maachen, wat e wëll." RTL.lu - 29.11.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.11.2012, 06:41.
  5. Was wird aus dem Arbed-Schloss am Rousegäertchen? Wort.lu 24.03.2014 20:12
  6. "Arbedsgebai: Spuerkeess gëtt Besëtzer, neit Gebai fir ArcelorMittal." rtl.lu, 14.11.2014, 16:27:54.
  7. "L'ancien siège de l'Arbed pour 100 millions." wort.lu, 11 mars 2016 à 11:12.