Robert Philippart

Vu Wikipedia
Robert Philippart
De Robert Philippart (2022)
Gebuer 2. Abrëll 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lokalpolitiker

De Robert Léon Philippart, gebuer den 2. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, ass Historiker a war vun 1993 bis 2012 Direkter vum Office national du tourisme. 2012 krut hien am Kader vun den neie Missiounen déi de Staat dem Office national du tourisme gëtt, d'Funktioun vun "Directeur - Ambassadeur touristique". 2016 gouf hien Directeur Ambassadeur touristique am Groupement d'Intérêt Economique "Luxembourg for Tourism"; an 2017 "Unesco Site Manager" beim Kulturministère. Zanter 2018 ass hie wëssenschaftleche Mataarbechter vum Nationale Geschichts- a Konschtmusée[1].

Hien huet iwwer Lëtzebuerg a seng Architektur publizéiert, awer och iwwer den Eugène Ruppert, e lëtzebuergeschen Ingenieur a China. Hien ass den Auteur vun der Promenade architecturale zu Esch-Uelzecht. Am Kader vun der Bourse vum Joseph Bech-Präis 1988 huet hien op der kathoulescher Universitéit vu Louvain (UCL) eng Etüd iwwer d'amerikanesch Investitiounspolitik an der Europäescher Gemeinschaft an an den Entwécklungslänner geschriwwen.

2006 huet hien op der Université catholique de Louvain (UCL) zum Dr. Phil. promovéiert. Thees: "Luxembourg, de l'historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale nationale". Hien ass, nieft senger Aarbecht am ONT, 'Collaborateur scientifique' op der UCL.

Zanter 2007 mécht hien no senge Recherchen iwwer d'Stadentwécklung vu Lëtzebuerg, reegelméisseg "visites-conférences" als Expert (bis 2017), respektiv wëssenschaftleche Mataarbechter vum Nationale Geschichts- a Konschtmusée (zanter 2017). Seng Publikatiounen, Konferenzen a Visitte kann een op www.histoireurbaine.eu noliesen.

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf hien op der Lëscht vun der DP an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt.[2]

De Robert L. Philippart ass bestuet a Papp vun zwéi Jongen. Hien ass den Neveu vun der Hélène Philippart.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian Aschman; Robert L. Philippart, 2021.Le difficile chemin vers la grande ville,rgards croisés sur l'oeuvre de Paul Retter, Editions Guy Binsfeld, 300p. ISBN 978-99959-42-83-0
  • Philippart, R.L., 2018. Hôtels, cafés, restaurants de la Belle Époque Luxembourg. Éditions brain&more, 108 p. ISBN 978-99959-941-1-2.
  • Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart, 2013. Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Édition Maison Moderne. 352 S. ISBN 978-99959-33-07-4
  • Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart, 2013. Lëtzebuerg moderne: déclaration d'amour à la capitale Édition Maison Moderne. 352 S. ISBN 978-99959-33-05-0
  • Robert L. Philippart, 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. Éditions Saint-Paul. 207 S. ISBN 978-2-87963-694-8
  • Robert L. Philippart, 2006. Luxembourg. De l'historicisme au modernisme, de la ville forteresse à la capitale nationale. Band 1 (S. 1-628) a Band 2 (S. 629-1329). Éditions Ilôts, Steesel. Dréckerei Kremer-Muller.
  • Robert L. Philippart, 1987. L'activité industrielle d'Eugène Ruppert en Chine. Publication éditée sous les auspices de Paul Wurth S.A. Luxembourg 55 S.
  • Editions Krippler-Muller: Neioplo vum Adolf Berens sengem Roman D'Kerfegsblo'm a Lëtzebuerger Sprooch (4 Bänn, 1921-27);
  • Lëtzebuerger Literaturkalenner, 1981 (Editeur Aktioun Lëtzebuergesch), 1982 (RTL Editions), 1983 (Editions Saint-Paul), 1984 (Editions Saint-Paul)

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • "J'étais en larmes..." ; in: Le Quotidien, Interview (Serie "Souvenirs d'enfance"), Ausgab vum 6. Mee 2010; S. 17.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Robert Léon Philippart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op paperjam.lu.
  2. David Thinnes: "So sieht der neue Gemeinderat der Stadt Luxemburg aus." wort.lu [w+], 12.07.2023.
  3. (fr)Ministère de la Culture - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu (7. Oktober 2022). Gekuckt de(n) 2024-02-24.