Eugène Ruppert

Vu Wikipedia
Eugène Ruppert
Gebuer 21. Mäerz 1864
Gronn
Gestuerwen 3. November 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

Den Eugène Ruppert gebuer den 21. Mäerz 1864 am Stadgronn[1] a gestuerwen den 3. November 1950 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Ingenieur, deen als ee vun deenen éischte westlechen Ingenieuren a China modern Schmelzen opgeriicht huet.

Hien huet vun 1886 bis 1890 zu Oochen op der Technescher Universitéit Metallurgie studéiert. Tëscht 1891 an 1893 war hie Cheemiker, duerno Directeur-adjoint vun enger Schmelz zu Duisburg. Vun 1894 bis 1898 war hien den techneschen Direkter vun enger Schmelz zu Hanyang (China), déi der belscher Cockerill gehéiert huet. 1901 - 1902 huet hie Rapporten iwwer Äerzvirkommnësser a Japan gemaach. Du koum hie fir ee Joer zeréck an Europa a gouf Direkter vun engem Héichuewebetrib zu Dortmund. Schonn d'Joer drop war en nees zu Hanyang, wou en Technesche Generaldirekter war. 1912 ass en aus gesondheetleche Grënn op Lëtzebuerg hanneschtkomm. Vun 1920 bis 1934 huet en do als onofhängegen Ingenieur e Bureau d'études gefouert.

Iwwer seng Zäit a China huet den Eugène Ruppert 1903 e Buch verëffentlecht; Reise um die Welt mit mehrjährigem Aufenthalt in China und Japan. Vun de Stater gouf en dacks "de Chinees" genannt. Seng Sammlung vun asiatesche Medailen a Mënzen gouf 1981 am Staatsmusée ausgestallt.

En aneren Deel vu senge Chinoiserien huet hien un d'Franziskanerinne verierft, déi s'an hirer Maison mère um Belair, zesumme mat hiren eegenen Objeten aus China an hirem Musée versuergen.

A sengem Haus um Lampertsbierg huet spéider de Pierre Werner gewunnt, duerno koum tschechesch Ambassade dran.

Den Eugène Ruppert ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Als Undenken un den Eugène Ruppert gouf op der Cloche d'or an der Stad eng Strooss no him genannt: d'Rue Eugène Ruppert (L-2453).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bost B., 2014. Vor 150 Jahren in Stadtgrund geboren. Eugène Ruppert, "de Chines". Gründer des größten Stahlwerkes in China. Die Warte vum 3. Abrëll 2014, S. 6-7.
  • Haag E., 2011. Eugène Ruppert *1864 1950, «Le Chinois», le pionnier de la sidérurgie moderne en Chine, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, S. 322-329.
  • Phillipart Robert L., 1986. L'activité industrielle d'Eugène Ruppert en Chine. Imprimerie Saint-Paul.
  • Thill M., C. Feyereisen & L. Marteling, 2008. Chinoiserien im Kloster der Franziskanerinnen. In: Top Secret 3. Auch das ist Luxemburg, S. 39-41. (Fotoe vum Marc Wilwert). éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-744-0.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Schaus, Raymond, Au Stadgrond autrefois, Die Warte Nr. 14/2292, Luxemburger Wort
  2. Doudesannonce vum Eugène Ruppert am Luxemburger Wort vum 6. November 1950 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 12. Abrëll 2022