Cloche d'or

Vu Wikipedia
Cloche d'or
Bushalt Cloche d'Or
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Cloche d'or
de: Cloche d'Or
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49° 34’ 57.4’’ N
      6° 06’ 52.3’’ O

D'Cloche d'or ass e Lieu-dit am Stater Quartier Gaasperech.

Am allgemenge Sproochgebrauch zielen zur Cloche d'or d'Stroossen tëscht dem Stengege Wee am Nordwesten, der Rue Guillaume Kroll am Westen, der Rue Robert Stumper am Osten an der Autobunn A6 am Süden. D'Promoteure vun de Gebaier laanscht dem Boulevard Raiffeisen an dem Boulevard de Kockelscheuer, zielen deen Deel, also de Ban de Gasperich, och alt gär zur Cloche d'or.

Geschicht an Originn vum Numm[1][änneren | Quelltext änneren]

De fréieren Hotel Cloche d'Or mat senger Schwämm (1973)

Am 3. Joerhonnert n. Chr. gouf et e réimeschen Haff op där Plaz.

1684 hunn dem franséische Kinnek Louis XIV. seng Zaldoten ë. a. do campéiert wéi se d'Festung Lëtzebuerg belagert hunn.

1937 koum en Hotel op déi al Escher Strooss, mam Numm Cloche d'Or, deen dunn der ganzer Plaz den Numm ginn huet[2]. Ekipéiert mat engem Restaurant, enger Keelebunn an enger Bausseschwämm, gouf den Hotel séier eng Touristenattraktioun.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hotel Cloche d'Or.

Ronderëm den Hotel huet sech vun 1975 un eng Industriezon entwéckelt, mat enger zweeter Entwécklungsphas 1985 wärend där den Hotel an de Verfall geroden ass.

Op der ëstlecher Säit vun der Escher Strooss, am Gaasperecher Bann, ginn zanter der Mëtt vun den 2010er Joren nei Appartementer, Butteker, eng franséisch Schoul, e Stadion an e grousse Park gebaut.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ban de Gasperich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cloche d'or – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Wort: D'Cloche d'Or kënnt an e gëllent Zäitalter Archivéiert op 2015-05-17. Gekuckt de(n) 2015-04-30.
  2. Robert L. Philippart, 1937 - Cloche d'Or, Hôtels, cafés, restaurants de la Belle Epoque - Luxembourg, 2018, S. 98-99