Autobunn A6 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia

A6 - Areler Autobunn
Zeechen Verdeeler km
A3 Gaasperecher Kräiz 0,000
A4 Zéissenger Kräiz 2,999
5 Helfenter Bréck 5,212
4 Stroossen 6,794
3 Briddel 8,874
2 Mamer 13,231
Aire de Capellen 16,025
1 Wandhaff 17,176
Belsch Grenz - A4 20,794

D'Autobunn A6, och Areler Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Capellen. Als Iwwergank vun der A1 fänkt se um Gaasperecher Kräiz am Süde vun der Stad Lëtzebuerg un a leeft dann a Richtung Weste bis op d'belsch Grenz an der Gemeng Stengefort, wou s'un déi belsch Autobunn A4 ugeschloss ass.

Et gëtt 5 Autobunnsausfaarten/-opfaarten, 2 Autobunnnskräizer an eng Plaz fir ze raschte mat Bensinsstatioun (Aire de Capellen). Den Tracé vun der A6 leeft méi oder manner parallel mat der N6.

D'A6 ass tëscht 1976 an 1982 a Betrib geholl ginn a s'ass op hirer ganzer Längt en Deel vun der E25.

Se huet eng Längt vun 20,8 km.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Autobunn A6 – Biller, Videoen oder Audiodateien