Aire de Capellen
Aire de Capellen ass den Numm vun enger Koppel Raschtplaze mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A6, südwestlech vu Capellen an der Gemeng Mamer.
Capellen-Nord
[änneren | Quelltext änneren]D'Raschtplaz Capellen-Nord ((fr) Aire de Capellen-Nord) läit um KP 16,00 tëscht der Opfaart Mamer (N° 2) an der Ausfaart Stengefort (N° 1) an der Richtung fir an d'Belsch. Se läit direkt südlech vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten.
D'Raschtplaz ass zanter datt se opgaangen ass (tëscht 1976 an 1982) dräimol vergréissert ginn[1].
D'Bensinnsstatioun gouf ursprénglech vun Texaco exploitéiert; zanter dem 1. Mee 2024 ass Aral deen neien Exploitant[2]. Op der Raschtplaz gëtt et Filiale vu Panos a vu Street Food Burger & Kebab.
Capellen-Süd
[änneren | Quelltext änneren]An der Richtung fir an d'Stad Lëtzebuerg läit d'Raschtplaz Capellen-Süd ((fr) Aire de Capellen-Sud) ronn ee Kilometer no der Opfaart Stengefort um KP 16,00.
D'Bensinnsstatioun gëtt vu BP exploitéiert[3]. Op der gréisster Tankstell bannent Europa vum Pëtrolsgrupp BP-Amoco si 564 Solarmodüllen um Daach installéiert[4].
Zu Capellen-Süd gëtt et eng Filial vun Dunkin' an eng vu Burger King.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Aire de Capellen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Genehmigt: Die Texaco-Tankstelle auf der «Aire de Capellen» wird bereits zum dritten Mal vergrößert. Niemand hat dagegen Einspruch erhoben.. Revue, null. Jg., nº 31, p. 12. (31.07.2002). Gekuckt de(n) 08.08.2024.
- ↑ (fr)Une nouvelle station dans votre réseau Aral Luxembourg !. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (fr)Geo.me, BP CAPELLEN - PKW MP2 - BP. map.bp.com. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
- ↑ (de)Sonnige Aussicht.. Revue, null. Jg., nº 18, p. 12. (04.05.2000). Gekuckt de(n) 08.08.2024.