Chargy
Chargy ass e Reseau vun ëffentleche Luetstatioune fir Elektro- a Plug-in-Hybrid-Gefierer zu Lëtzebuerg.
Chargy ass eng gemeinsam Mark vun alle lëtzebuergesche Stroumliwweranten (Creos, Electris, Sudstroum, Stad Dikrech a Stad Ettelbréck).
Déi éischt Statioune goufen am November 2016 virgestallt[1] a sinn zanter Juni 2017[2] am ëffentleche Raum disponibel. Uganks 2019 waren 277 Bornen a Betrib, wouvun der 203 op der ëffentlecher Strooss an der 43 op P+R-Plazen stinn. Dobäi kommen nach 31 Chargy-OK-Borne bei private Clienten.
Fir d'Joer 2019 sinn nach zousätzlech 200 Statioune virgesinn, a bis 2021 sollen am Ganzen 800 Borne mat allkéiers zwéin Uschlëss am Land opgeriicht sinn[2]. D'Statioun erlaabt e séiert Opluede mat tëscht 3,7 kW an 22 kW, jee no Gefier.
Den 20. Januar 2021 sinn um Kierchbierg déi éischt Schnellluedborne mam Numm Super Chargy installéiert ginn. Déi lueden den Auto mat enger elektrescher Leeschtung vun 160-320 kW op.[3] Bis 2023 sollen op am Ganze 19 Plazen 88 Borne vun deem Typ opgeriicht ginn.
E séiert Ëmklammen op d'Elektromobilitéit war ee vun den Haaptsujeten an der Rifkin-Etud[1] iwwert déi sougenannt Drëtt industriell Revolutioun an d'Lëtzebuerger Regierung huet am Februar 2016 festgehale wou a wéi vill Luetstatioune sollen opgestallt ginn[4]. All Gemeng am Land kritt op d'mannst eng Luetstatioun, woubäi d'Zuel vun de Statioune pro Gemeng a Funktioun vun der Bevëlkerung an der Zuel vun den Aarbechtsplaze variéiert. D'Borne ginn ëmmer an der Géigend vun Unzéiungspunkte wéi Industriezonen, Schoulen, touristeschen, kulturellen oder sportlechen Infrastrukturen, bei Butteker, der Gemeng oder anere Verwaltungen opgestallt.
Fir Zougang op eng Chargy-Borne ze kréie fir säin Auto oplueden ze kënnen, brauch een eng Kaart (Debit- oder Prepaid-Kaart), déi mat der mKaart kombinéiert gëtt.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Chargy-OK Statioun bei der Gemeng zu Bauschelt
-
Chargy-Bornen um P+R um Houwald
-
Borne fir d'Autoe vum CarloH-Service
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Chargy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Conférence de presse: Lancement de CHARGY op chargy.lu, gekuckt den 11. Mee 2019
- ↑ 2,0 2,1 Premier bilan après 18 mois d'opération du réseau de bornes de charge publiques Chargy op chargy.lu, gekuckt den 11. Mee 2019
- ↑ (de)Zwei Super-Chargy-Stationen in Kirchberg. Wort.lu (20.01.2021). Gekuckt de(n) 20.01.2021.
- ↑ Règlement ministériel du 5 février 2016 fixant un plan d'implantation général pour l'infrastructure publique liée à la mobilité électrique am Memorial 20/2016, gekuckt op legilux.lu den 11. Mee 2019