Parkplaz
Eng Parkplaz ass en Terrain, op deem Gefierer wéi Autoen oder e Camionen ofgestallt ginn. Als Parkplaz gëllt eng Fläch, déi grouss genuch ass, fir een eenzelt Gefier, wärend op engem Parking Plaz fir méi wéi ee Gefier ass. E Parking op méi wéi engem Stack gëtt Parkhaus genannt.
Parkplazen a Parkinge fënnt een am privaten an am ëffentleche Beräich.
E Parking gëtt duerch d'Verkéiersschëld E, 23 ugewisen.
Eng speziell Zort Parkplaz ass d'Parkplaz fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Park and ride
[änneren | Quelltext änneren]Park and ride(en) (och Park-and-ride oder Park & ride, dacks P+R oder P&R ofgekierzt) ass e Konzept, nodeem eng Persoun hiert Gefier op engem Parking ofstellt an da mam ëffentlechen Transport bis op hiert lescht Zil, dacks e Stadzentrum, fiert. Park and ride hëlleft och Verkéiersproblemer bei grousse Manifestatiounen (Sportveranstaltungen, Concerten, Fester, asw.) z'evitéieren.
Een Ënnerkonzept ass Park & Rail, dat sech op d'Ëmklammen op de Schinneverkéier limitéiert.
E Park-and-ride-Parking gëtt duerch d'Verkéiersschëlter E, 23b, E,23c oder E,23d ugewisen.
Park-and-ride-Parkingen an der Stad Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Parking | Zuel Parkplazen[1] | Koordinaten | Ëffentlechen Transport | Bemierkung |
---|---|---|---|---|
Beggen | 160 (2) | 49° 39’ 01,9’’ N 6° 07’ 45,8’’ E | Bus 10 an 11 | Parken ass gratis |
Bouillon | 2.250 Parkhaus (28) + 200 baussen | 49° 35’ 59,16’’ N 6° 06’ 25,5’’ E | Bus 10, 15, 17, 22, 24, CN1 | Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis |
Kierchbierg-Gernsback[2] | 595 (15) | 49° 38’ 10,6’’ N 6° 10’ 29,5’’ E | Tram T1 Bus 6, 7, 16, 21, 25 |
Parken ass net gratis |
Kockelscheier | 567 | 49° 33’ 56,8’’ N 6° 06’ 27,9’’ E | Bus 18, 27 | Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis |
Lëtzebuerg-Süd | 835 (4) | 49° 34’ 42,8’’ N 6° 07’ 41,6’’ E | Bus 5, 24, 29 | Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis |
Parking du Stade (Arelerstrooss) |
400 (6) | 49° 36’ 52,2’’ N 6° 06’ 30,1’’ E | Bus 11, 16, 22 | Parken ass net gratis |
Stadion vu Lëtzebuerg | 1.993 (43) | 49° 34’ 38,8’’ N 6° 06’ 39,0’’ E | Tram T1 Bus 5, 18, 20, 27 |
Parken ass déi éischt 24 Stonne gratis |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Car parks – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ A Klameren, d'Zuel vun de Parkplazen fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit.
- ↑ (fr)Ouverture du Parking Gernsback à partir du 3 mai. fondskirchberg.public.lu (03.05.2021). Gekuckt de(n) 10.12.2023.