AVL-Linn 6

Vu Wikipedia
AVL-Linn 6
E Bus vun der fréierer Linn 6 (Mäerz 2017)
Bartreng - Fluchhafen
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Bartreng, Gemeng 49°36'38,6917"N, 6°3'4,3434"O
op Aéroport Quai 1 49°38'5,2192"N, 6°12'55,3885"O
iwwer Bartreng, Helfenter Bréck, Märel, Belair, Uewerstad, Kierchbierg, Sennengerbierg, Fluchhafe Lëtzebuerg
Bustyp Gelenkbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 17,379 km, 17,143 km
Fuerzäit 46 min, 45 min
mëttel Vitess 22,67 km/h, 22,86 km/h

D'AVL-Linn 6 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Bartreng, Gemeng - Helfenter Bréck - Märel - Belair - Stad - Kierchbierg - Sennengerbierg - Fluchhafen. Se huet 27 Halten um Aller an der 28 um Retour. Tëscht der Helfenter Bréck an der Uewerstad fiert se parallel mat der Linn 5 an duerno parallel mat der Linn 16 bis op de Flughafen. Se huet den Terminus zu Bartreng gemeinsam mat der Linn 5 an dee beim Flughafen zesumme mat der Linn 16.

An der Haaptverkéierszäit brauch d'Linn 6 um Aller 46 Minutte fir eng Streck vu ronn 17,38 Kilometer; um Retour 45 Minutte fir 17,14 Kilometer.

D'Linn fiert wiertes all 15-20 Minutten, samschdes a sonndes all 30 Minutten. Mueres fréi an owes spéit fiert se nëmmen tëscht Bartreng an der Uewerstad.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 6 zum “service coordonné AVL/RGTR”.

Halten op der Linn 6[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 6 (Aller) Bemierkung
Bertrange, Gemeng gemeinsamen Terminus mat der Linn 5
Bertrange, Dicks
Helfent, City Concorde
Helfent, Automobile Club
Helfenterbruck
Op der Millen
Plak
St Hubert
Laang Heck
Orval
Place de France
Merl, Parc
Franciscaines
Crécy
Wampach
Monterey
Hamilius
Fondation Pescatore
Rout Bréck - Pafendall Gare Pafendall-Kierchbierg
B.E.I.
Jean Monnet
Antoine de St Exupéry
Konrad Adenauer
Avalon
Poutty Stein
Luxexpo
Senningerberg, Autobunn
Aéroport

gemeinsamen Terminus mat der Linn 16

Entwécklung vun der Linn 6[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 07.09.1959 ass déi Bouneweger Linn op der Streck Bouneweg (Ronnen Eck) - av. de la Gare - Grand-Rue - av. de la Liberté - rue des Trévires - Bouneweg gefuer; vum 01.10.1962 un gouf se als Linn 6 bezeechent.
  • 1971 - 1980: Bouneweg (rte de Thionville) - Gare - Stad
  • 1980 - 1990: Stad - Gare - Bouneweg / rte de Thionville - rue Gangler - Gare - Stad
  • 1990 - 1992: Stad - Gare - Bouneweg / rte de Thionville - Gare - Stad
  • 1992 - 2006: Polvermillen - Verluerekascht - Wallis-Plaz - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens
  • 2006 - 2011: Äppelwee / INS - Polvermillen - Verluerekascht - Wallis-Plaz - Stad - Clausen - Fetschenhaff - Zens
  • 2011 - 2015: Bartreng, Gemeng - Helfent - Märel - Stad - Gare - Bouneweg, Demy Schlechter
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Bouneweg, Demy Schlechter - Gare-Rocade - Stad - Märel - Helfenter Bréck - Bartreng, Gemeng

D'Linn 6 hat 29 Halten um Aller an der 30 um Retour. Tëscht Bouneweg an der Gemengegrenz op der Helfenter Bréck ass se parallel mat der Linn 5 gefuer an hat och déi zwéin Terminusse gemeinsam mat der Linn 5.

Wéinst dem Tramsschantje gouf d'Streck den 3. November 2019 geännert an huet dunn iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck[1] gefouert.

An der Haaptverkéierszäit huet d'Linn 6 um Aller 40 Minutte fir eng Streck vu ronn 12 Kilometer an um Retour 40 Minutte fir 11,45 Kilometer gebraucht. Se ass an der Woch all 20 Minutten a samschdes all 30 Minutte gefuer. Sonndes ass se och all 30 Minutte gefuer, awer nëmmen tëscht Bartreng an der Uewerstad (Halt Monterey).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 6 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019