AVL-Linn 31
|
| |
|
D'Linn 31 op enger Deviatiounsstreck an der Areler Strooss (Januar 2023) | |
| Reckendall - Uewerstad | |
|---|---|
| Bedreiwer | Autobus de la Ville de Luxembourg |
| vu(n) | Stroossen, Oricher-Hoehl 49°37'17,7496"N, 6°4'51,5654"O |
| op | Uewerstad, Badanstalt 49°36'48,6436"N, 6°7'44,0119"O |
| iwwer | Stroossen, Rollengergronn, Uewerstad |
| Gefiertyp | Standardbus |
| opgaang | 13. Dezember 2020 |
| zougemaach | 11. Abrëll 2026 |
| Technesch Donnéeën allkéiers fir Aller a Retour | |
| Längt | 6.896 m, 5.937 m |
| Fuerzäit | 24 min, 19 min |
| mëttel Vitess | 17,24 km/h, 18,75 km/h |
|
| |
D'AVL-Linn 31 war eng Buslinn vun de Stater Bussen déi vum 13. Dezember 2020 bis den 11. Abrëll 2026 um Trajet Stroossen, Oricher-Hoehl - Reckendall - Rollengergronn - Stad an zeréck gefuer ass.
Fir absënns eng direkt Verbindung tëscht dem Rollengergronn an dem Lampertsbierg ze schafen, gouf de Reseau am Abrëll 2026 optimiséiert an en Deel vun der fréierer Linn 31 gouf an d'Linn 19 integréiert; d'Linn 31 konnt domat fir zerguttst zougemaach ginn.
Duerch eng Zesummenaarbecht tëscht der Gemeng Lëtzebuerg mat der Gemeng Stroossen ass d'Linn 31 iwwer d'Gemengegrenz vun der Haaptstad bis op d'Halt Oricher-Hoehl an der Nopeschgemeng gefuer; se huet awer net zu de Linne gezielt, déi vum Mobilitéitsministère subventionéiert goufen.
Halten op der Linn 31
[änneren | Quelltext änneren](D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi s'am offizielle Fuerplang publizéiert waren.)
Entwécklung vun der Linn 31
[änneren | Quelltext änneren]- virun 2015: et gouf keng Linn mat der Nummer 31
- 01.05.2015 - 14.10.2018: Houwald/C.I.P.A. - Bouneweg - Verluerekascht - Gare - Stad - Rollengergronn - Reckendall - Stroossen, Oricher-Hoehl
- 15.10.2018 - 12.12.2020: Gare - Stad - Rollengergronn - Reckendall - Stroossen, Oricher-Hoehl an zeréck. Déi Streck war aus der fréierer Linn 31 (2015 – 2018) entstanen, déi an zwéin Deeler opgespléckt gouf. Déi nei Linn 31 ass dunn nees op Deeler vun aler Linn J1 gefuer, déi bis de Mee 2015 bestanen huet. Wéinst dem Tramsschantjen ass d'Streck tëscht der Gare an der Uewerstad vum 3. November 2019 un iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck ëmgeleet ginn[1].
- 13.12.2020 - 11.04.2026: Stroossen, Oricher-Hoehl - Reckendall - Rollengergronn - Uewerstad.
- zanter dem 12.04.2026: et gëtt keng Linn mat der Nummer 31
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: AVL-Linn 31 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ De Minister François Bausch huet déi "Al Bréck" offiziell fir Busser opgemaach op rtl.lu de 4. November 2019, fir d'lescht gekuckt den 9. November 2019
