AVL-Linn 30

Vu Wikipedia
AVL-Linn 30
E Bus vun der Linn 30 um fréieren Trajet op der Bréisseler Plaz
Kierchbierg - Lampertsbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Kierchbierg, Réimerwee 49°37'56,50"N, 6°10'2,86"O
op Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius 49°37'8,9"N, 6°6'52,4"O
iwwer Kierchbierg, Weimeschkierch, Eech, Uewerstad, Lampertsbierg
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 9.394 m, 9.057 m
Fuerzäit 30 min, 29 min
mëttel Vitess 18,79 km/h, 18,74 km/h

D'AVL-Linn 30 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Kierchbierg, Réimerwee - Stad - Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius an zeréck. Tëscht der Uewerstad an dem Lampertsbierg fiert se parallel mat der Linn 8.

D'Linn 30 huet 25 Halte pro Richtung. Se fiert vu méindes bis samschdes all 20 Minutten a sonndes all hallef Stonn. Mueres fréi, owes spéit a sonndes de ganzen Dag fiert se just op der Streck Kierchbierg - Stad an zeréck; den Deel op de Lampertsbierg gëtt da vun der Linn 8 assuréiert.

Halten op der Linn 30[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 30 Bemierkung
Lycée Michel Lucius gemeinsamen Terminus mat de Linnen 2 an 8
Batty Weber
Uni Campus Limpertsberg
Ermesinde
Henri VII
Faïencerie / INL
Fondation Pescatore
Badanstalt
Crispinus
Octroi
Eecher Plaz
Lavals Park
Weimerskierch, Duerf
Mäertesbuer
Pierre-Eloi Schoué
St Vith
Paul Noesen
Prince Félix
Kierchbierg, Kierch
Schmëdd
Sichegronn
Konrad Adenauer
Avalon
Chambre des Métiers
Réimerwee

Entwécklung vun der Linn 30[änneren | Quelltext änneren]

  • virun 2015: et gouf keng Linn mat der Nummer 30
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius - Stad - Bouneweg - Houwald - Hesper, Cité um Schlass an zeréck.

Vum Lampertsbierg bis op d'Gemengegrenz am Rangwee ass se parallel mat der Linn 3 gefuer.

Wéinst dem Tramsschantjen ass den Trajet am Stadzentrum 14. August 2018 liicht geännert ginn an d'Linn 30 ass vun deem Dag un iwwer de Boulevard Royal an d'Neipuertsgaass amplaz iwwer d'Stäreplaz an d'Montereysavenue gefuer. Duerno ass och den Trajet tëscht der Gare an der Uewerstad den 3. November 2019 geännert ginn an d'Linn ass iwwer d'Al Avenue, d'Al Bréck an de Boulevard Roosevelt amplaz iwwer d'Nei Avenue an d'Nei Bréck gefuer.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, huet d'Linn 30 zum “service coordonné AVL/RGTR” gehéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 30 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]