Rangwee
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
Mee 2024 | |
| Offiziellen Numm | Rangwee |
|---|---|
| Lëtzeb. Numm | Rangwee |
| Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg, Hesper |
| Situatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Quartier(en) | Bouneweg-Süd, Gaasperech, Houwald |
| Postcode | 2412 |
| Koordinaten | 49°35'17,48"N, 6°8'21,26"O |
| Morphologie | |
| Längt | 770 m |
| Héicht i. M. | 291 m |
|
| |
De Rangwee ass eng Strooss op der Grenz tëscht der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Hesper. E leeft vun der Diddenuewener Strooss aus a Richtung Westen, duerch den Tunnel Rangwee bis bei de Rond-point Gluck.
D'Gebaier op der nërdlecher, gerueder Stroossesäit (Nummeren 20 bis 40) gehéieren zum Quartier Bouneweg-Süd an den Deel vum Tunnel bis bei de Rond-point zu Gaasperech vun der Stad Lëtzebuerg. De Rescht vun der Strooss gehéiert zur Uertschaft Houwald an der Gemeng Hesper.
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]D'Originne vum Numm Rangwee sinn net eendeiteg gekläert. Etymologesch kéint e vu „rankeg” ((de) rankig) hierkommen, wat fir laang, dënn, biegsam steet[1]. Dem Pierre Anen no géif den Numm vu „Rank“ kommen, enger ofgerënnter Fläch, a kéint esou e Bezuch zu engem ronne Wee maachen, wat de Rangwee virum Éischte Weltkrich war[2]. Den Anen gëtt a senger Opzielung vu Begrëffer fir e Bierghank awer och nach eng aner Erklärung: „Rang“ oder „Rank“ stéing fir en Hank, sou datt de Rangwee e Wee ronderëm den Hank wier[3].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Vun der Rue d'Ivoix a Richtung Weste gekuckt
-
Bau vun engem Reewaasseropfankbaseng
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rangwee – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ rankeg am LWB (Luxemburger Wörterbuch)
- ↑ Pierre Anen, Luxemburgs Flurnamen und Flurgeschichte, 1945, Luxemburg : Sankt Paulus Dr.
- ↑ Quell vun dësem Abschnitt: Henri Beck, Bruno Baltzer, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an: Ons Stad, Nr 49/1995, S. 32
