Rue du Rost

Vu Wikipedia
Rue du Rost
Numm lb: (um) Rouscht
fr: Rue du Rost
Fréieren Numm de: Benderstraße[1]
Längt ca. 40 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Uewerstad
Postcode 2447
Koordinaten 49° 36’ 40.5’’ N
      06° 08’ 00.2’’ O

Um Rouscht (offiziell: rue du Rost) heescht eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg; se verleeft hannert dem Groussherzogleche Palais, vun der Waassergaass bis op d'Kräizung wou d'Fleeschiergaass an de Fëschmaart iwwergeet.

Urspronk vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Et ass net sécher wou den Numm Rost - dee géint Enn vum 16. Joerhonnert opkoum - hierkënnt, ma den Historiker Nicolas van Werveke an de Joseph Hess ginn dës Erklärung:

Ronderëm déi fréier Nikloskierch - déi um haitege Krautmaart stoung - war e Kierfecht. Well sengerzäit d'Kierfechter net onbedéngt mat Maueren oder Glänneren ëmgi waren a fir ze verhënneren, datt Véi, Schwäin an Hénger an d'Enceinte vun der Kierch oder dem Kierfecht erakéimen an do Schied maache géifen, sinn dacks Grief gezu ginn, iwwer déi eise Staangen a Form vun engem Grill oder Véirouscht geluecht goufen. Sou soll den Numm um Rouscht sech bis haut gehalen hunn[2].

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

  • Récksäit vum Groussherzogleche Palais
  • Récksäit vum Haus 6 vun der Sigfriedstrooss, mat der Statu vum Bommenzinnes

Dëst Gebai um Rouscht dat zum Groussherzogleche Palais gehéiert, steet op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter:

Haus-
nummer
Beschreiwung Bild
26, 30, 32 (op der Parzell 564/1670)

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Rue du Rost an Ons Stad N° 59

Commons: Rue du Rost (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Am Mëttelalter, well sech an der Strooss eng Rëtsch Faassbënner néiergelooss haten
  2. Henri Beck 1998, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 59: 36