Montée Saint-Crépin

Vu Wikipedia
Montée Saint-Crépin
Numm lb: Crispinusbierg
fr: Montée Saint-Crépin
Längt ca. 660 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Eech
Postcode 1365
Koordinaten 49° 37’ 33,6’’ N
      06° 07’ 44.0’’ O

Crispinusbierg, offiziell Montée Saint-Crépin, ass den Numm vun enger Strooss am Quartier Eech an der Stad Lëtzebuerg. Se huet den Numm vum hellege Crispinus, ee vun de Patréiner vun de Gierwer, Suedler a Schouster.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

De Crispinusbierg huet säin Ufank an der Victor-Ferrant-Strooss, op enger Héicht vun 251 m a féiert da parallel mat der Millebaacher-Strooss a Richtung Osten, dréint dann no riets a verleeft parallel mam Eecher Bierg als Sakgaass a Richtung Süden. Beim Haus 9 hält d'Strooss op an et féiert just nach e Fousswee mat Trape bis op den Eck vun der Glacis-Strooss mat der Piffkaul. En anere Wee, dee biergof an den Eecher Bierg féiert ass zanter 2011/12 gespaart well d'Gefor besteet, datt do eng Stëtzmauer zesumme fale kéint[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Montée Saint-Crépin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fro vun der Conseillère Cathy Fayot an der Äntwert vun der Schäffin Sam Tanson an der Sëtzung vum Stater Gemengerot vum 17. Oktober 2016, gekuckt den 29. Januar 2019 am Compte rendu analytique