Rue de Hollerich
|
| |
|
| |
| Offiziellen Numm | Rue de Hollerich |
|---|---|
| Lëtzeb. Numm | Hollerecher Strooss |
| Ënnerhal vu(n) | Administration des ponts et chaussées |
| Situatioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Lëtzebuerg |
| Quartier(en) | Garer Quartier |
| Postcode | L-1740, L-1741 |
| Koordinaten | 49°35'54,398"N, 6°7'39,799"O |
| Morphologie | |
| Längt | 1.000 m |
| Geschicht | |
| Genannt no | Hollerech |
|
| |
D'Hollerecher Strooss (offiziell: Rue de Hollerich) ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Garer Plaz a Richtung Weste bis bei d'Hollerecher Plaz.
D'Nationalstrooss 56 leeft an hirer ganzer Längt driwwer.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Nodeems den 1. Juni 1920 d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert hunn, hu misse verschidde Stroossen nei benannt ginn, well et vereenzelt Odonymmen e puermol gouf. Bis 1925[1] huet d'Strooss „Rue de la Gare“ geheescht[2][3] ier se dunn den haitegen Numm krut.
An den 2020er Joren ass en neie Quartier, Nei Hollerech genannt, op der Plaz vun de fréiere Fabréckshale vun Heintz Van Landewyck a Paul Wurth S.A., am Entstoen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nei Hollerech.
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]- Concertssall Den Atelier
- Cité de la sécurité sociale
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]- D'Hollerecherstrooss
- Fréiere Sëtz vun Heintz Van Landewyck
- Kings Place
- Nr. 70-62.
- Le Saxophone
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Rue de Hollerich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Decisioun vum Stater Gemengerot vum 5. Juni 1925
- ↑ „Luxembourg en 1907“, Stadplang vum Jean-Pierre Biermann
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Tageblatt, Nummer 129, 5. Juni 1925, S. 3, op www.bnl.lu, dem Site vun der Nationalbibliothéik; fir d'lescht gekuckt den 23. Abrëll 2016
