Den Atelier

Vu Wikipedia
Den Atelier
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°35'55,48477"N, 6°7'34,15706"O
Entrée op der Hollerecher Strooss

Den Atelier ass e Sall zu Hollerech an der Stad Lëtzebuerg, an deem reegelméisseg Concerte vun international bekannte Bands organiséiert ginn. E gëtt vun der s.à r.l. Den Atelier bedriwwen.

D'Iddi fir d'Grënnung vum Atelier war doduerch motivéiert, datt et deemools zu Lëtzebuerg keen zerguttsterte Sall gouf, fir Live-Concerte vu renomméierten internationale Bands z'organiséieren, e Sall wéi d'Ancienne Belgique zu Bréissel, de Paradiso zu Amsterdam oder de Bataclan zu Paräis.

De Sall ass am Atelier vun enger fréierer Renault-Camionsgarage amenagéiert ginn, dohier den Numm. Ouverture war den 23. Oktober 1995. Den 1. November 1995 huet de Jimmy Somerville deen éischte Live-Concert do gespillt. An der Ufankszäit vum Atelier huet en och wéi eng Diskothéik mat DJ's an de Weekend mat Clubnuechte funktionéiert, bis awer schonn no relativ kuerzer Zäit d'Zuel vun de Concerte sou staark zougeholl hat, datt dat net méi néideg war.

De Sall huet Plaz fir zirka 1000 Leit. Déi meescht Concerten déi am Atelier organiséiert ginn, si vu Bands aus de Museksberäicher Rock-, Alternative Rock- an Indie.

Bekannt Museker oder Bands, déi bis ewell do opgetruede sinn, sinn ë. a.: Lily Allen, Moof, Jane Birkin, Blondie (zweemol), The Corrs, Deftones, Al Di Meola, Foreigner, Good Charlotte, Cyndi Lauper, Megadeth (zweemol), Moby, Motörhead, Muse, My Chemical Romance, Queens of the Stone Age (zweemol), Razorlight, The Smashing Pumpkins & Brandon Flowers.[1]

Den Atelier ass och Coorganisateur vu Concerten aneschtwous, wéi z. B. an der Rockhal zu Esch-Uelzecht oder dem Open-Air Rock-A-Field bei Réiser.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Yves Stephany, 2010. 15 Joer Atelier. Forum 302, S. 56. PDF
  • Loschetter, Laurent: No beer till Placebo Éditions Guy Binsfeld, 2010. ISBN 978-2-87954-233-1.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Den Atelier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 'Past shows' op atelier.lu