Diskussioun:Den Atelier

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Skater-Park[Quelltext änneren]

An der Quell fannen ech just dass "D'Stad Lëtzebuerg huet scho konkret Pläng, wat mam Skater-Park an dem Service des Sports geschitt, déi den Ament am Schluechthaus sinn", awer net wat déi "konkret Pläng" da lo sinn. Doriwwer gëtt just an de Commentaire geschwat. De Petz Bartz seet am Interview och näischt iwwer dëse Skater-Park. Oder hunn ech eppes verpasst? --Jwh 16:01, 28. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Iddi fir d'Grënnung vum Atelier war duerch d'Noutlag motivéiert..... Wie war dann do sou schrecklech an Nout. --Les Meloures (Diskussioun) 22:16, 5. Jun. 2012 (UTC) Haha, ech kennen se net all, méi et mussen der vill gewierscht sinn.--MMFE (Diskussioun) 22:20, 5. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Een oder zwéin (mat Quell natierlech) géife schonn duergoen. --Les Meloures (Diskussioun) 22:29, 5. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Am Mémorial C fënnt een eng ganz Rei Statutenännerungen, wou virun allem d'Nimm Laurent Loschetter a Ferdinand Feidt optauchen.--MMFE (Diskussioun) 22:42, 5. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Flott, an u wat fënnt een eraus datt déi an enger Noutlag waren? --Les Meloures (Diskussioun) 22:50, 5. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

D'Noutlag ass natierlech net wuertwiertlech ze verstoe gewierscht, mee et war deemols just e Gefill bei ville Leit dass eppes giff feelen zu Lëtzebuerg. Ech hun deen Ausdrock aus dem däitschen WP-Artikel iwwerholl, mee et kann een et natierlech och anescht ëmschreiwen. Ech hu gesinn, dat ass jo schon geschitt. --MMFE (Diskussioun) 09:33, 6. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

D'Lag gouf schonns am Artikel 'entschäeft' ;-) --Zinneke (Diskussioun) 09:38, 6. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]