Muse (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Muse
Muse 2006 002.jpg
Genre Rockmusek, Progressive Rock, Hard Rock, Alternative Rock
Land Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich
Grënnung 1994
Websäit muse.mu
Memberen
Matthew Bellamy Gesank, Leadgittar, Piano, Synthesizer
Dominic Howard Batterie
Christopher Wolstenholme Bass, Piano, Rhythmusgittar, Mondharmonika, Hannergrondgesank
Wikidata-logo-without-paddings.svg
MUSE, 2010 zu Melbourne an Australien.

Muse ass eng englesch Rockgrupp, déi 1994 gegrënnt gouf.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.png Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Muse gouf a Südengland an der klenger Uertschaft Teignmouth gegrënnt, wou déi dräi Museker ze kennegeléiert hunn. Den Dominic Howard an de Matthew Bellamy hu sech scho vun hirer vireger Band Gothic Plague hier kannt. Si hunn duerno zesumme mam Christopher Wolstenholme d'Band Rocket Baby Dolls gegrënnt, déi spéider a Muse ëmgedeeft gouf. Hir éischt Optrëtter hate si an engem Boxring, deen hinnen als Bühn an hirem Lycée gedéngt huet. Spéider hu si als Muse EP'en erausbruecht, déi e relativ grousse Succès haten. Uganks 1999 gounge si zréck an de Studio fir Showbiz opzehuelen. Domat ass Muse grouss erauskomm a si sinn op hir éischt Welttournée gaangen. No dëser laanger Tournée gounge si zréck an de Studio fir Origin of Symmetry opzehuelen. Bei hire Studiosessions waren ëmmer grouss Produzente bedeelegt, déi och scho fir Pink Floyd a Radiohead un de Reegler souzen. Dësen Album, dee gelueft gouf fir säi bombastesche Klang, huet Muse definitiv ob den Zenith vun de Rockbands bruecht.

Verschiddnees[änneren | Quelltext änneren]

  • Den MTV Moderator Markus Kavka sot eng Kéier iwwer Muse si wieren déi eenzeg Band, bei där een de Sänger net kéint vun der E-Gittar ënnerscheeden.
  • All d'Muse-Membere ware scho mat 12 Joer an enger Band.
  • De Christopher Wolstenholme huet am Ufank Batterie gespillt an ass duerno eréischt op de Bass gewiesselt.

Diskographie[änneren | Quelltext änneren]

Studioalbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1999: Showbiz
  • 2001: Origin of Symmetry
  • 2003: Absolution
  • 2006: Black Holes And Revelations
  • 2009: The Resistance
  • 2012: The 2nd Law
  • 2015: Drones
  • 2018: Simulation Theory

Livealbumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: HAARP
  • 2013: Live at Rome Olympic Stadium

Single-Auskopplungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1999: Uno
  • 1999: Cave
  • 1999: Muscle Museum
  • 2000: Sunburn
  • 2000: Unintended
  • 2001: Plug In Baby
  • 2001: New Born
  • 2001: Bliss
  • 2001: Hyper Music / Feeling Good
  • 2002: Dead Star / In Your World
  • 2003: Time Is Running Out
  • 2003: Hysteria
  • 2004: Sing for Absolution
  • 2004: Butterflies and Hurricanes
  • 2006: Supermassive Black Hole
  • 2006: Starlight
  • 2006: Knights of Cydonia
  • 2009: Uprising
  • 2009: Undisclosed Desires
  • 2010: Neutron Star Collision (Love Is Forever)
  • 2012: Survival
  • 2012: Madness
  • 2013: Supremacy
  • 2015: Dead Inside
  • 2015: Mercy
  • 2016: Reapers

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Muse – Biller, Videoen oder Audiodateien