Extended Play

Vu Wikipedia

Extended Play, meeschtens einfach EP genannt, ass eng musikalesch Opnam op enger Vinylsplack oder op engem CD, déi méi Lidder wéi eng Single huet, awer ze kuerz ass, fir als Museksalbum ze gëllen.

Et gëtt keng Standartdefinitioun déi seet wat fir eng Opnam eng EP ass a wat fir eng net. Generell huet eng EP tëscht véier a sechs verschidde Lidder.

Och Singelen hunn heiansdo sou vill Lidder, mä da sinn et meeschtens verschidde Remixe vum selwechte Lidd.