Science-Fiction
Science Fiction ass eng Aart Fiktioun, déi sech am 19. Joerhonnert entwéckelt huet an an där et haaptsächlech ëm den Impakt vun der Wëssenschaft, souwuel reell wéi och imaginär, op d'Gesellschaft oder den eenzele Mënsch geet. Am méi wäite Sënn gëtt de Begrëff fir all fantastesch Literatur benotzt, déi Wëssenschaft als essentiell Komponent beinhalt.