Rockhal

Vu Wikipedia
Centre de musiques amplifiées
„Rockhal“
D'Rockhal vu vir
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 26.05.2004
Sëtz 5, Avenue du Rock'n'roll
L-4361 Esch-Uelzecht
Leedung Luc Hentzig (President CA)
Olivier Toth (Direkter)
Homepage www.rockhal.lu
Opschrëft op der hënneschter Säit, Vue vun der Gare.

D'Rockhal, offiziell Centre de musiques amplifiées, ass e Gebai um Belval zu Esch-Uelzecht, dat vum Établissement public Centre de musiques amplifiées geféiert gëtt[1]. Et war dat éischt neit Gebai, dat op der Industrie-Friche vun Esch-Belval gebaut gouf.

D'Rockhal besteet aus 4 Deeler:

  • dem Grousse Sall mat enger maximaler Publikumscapacitéit vu 6500 Stéiplazen oder 2800 Sëtzplazen op enger Fläch vun 2625 m²;
  • dem Klenge Sall (Club) mat enger maximaler Publikumscapacitéit vun 1200 Stéiplazen op enger Fläch vu 560 m²;
  • enger Brasserie, dem Rockhalcafé, wou och méi kleng Concerte kënnen ofgehale ginn;
  • engem Centre de ressources mat 6 Proufraim, engem Studio an enger Mediathéik fir Museker oder Museksgruppen. Dëse gouf 2015 a Rocklab ëmgenannt.

Se ass den 23. September 2005, als dat éischt neit Gebai op Belval, mat engem Gratis-Concert vun The Prodigy, a Presenz vum Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa ageweit ginn.[2]

Architektebüro vum Gebai war BENG Atelier d'architecture.

Zanterhier sinn eng sëllegen Artisten a Bands do opgetrueden, dorënner: Green Day, Anastacia, Ayo, Bénabar, Chuck Berry, Blondie, Joe Cocker, Paolo Conte, Daft Punk, Deep Purple, Depeche Mode, Bob Dylan, Evermore, David Guetta, Billy Idol, Joe Jackson, Al Jareau, Jethro Tull, Tom Jones, Judas Priest, B B King, Kiss, Mark Knopfler, Lenny Kravitz, Lady Gaga, Avril Lavigne, Linkin Park, LMFAO, Marilyn Manson, John Mayall, Katie Melua, Kylie Minogue, Moby, Monteviodeo, Moof, Muse, Nick Cave and the Bad Seeds, Nickelback, Nightwish, Vanessa Paradis, Sean Paul, Pet Shop Boys, Pink, Prince, Sean Paul, Katy Perry, The Pussycat Dolls, Queen + Paul Rodgers, Rammstein, Chris Rea, Lou Reed, Rihanna, Santana, Scorpions, Selah Sue, Simply Red, Slash, Slipknot, Smashing Pumpkins, Gwen Stefani, Sting, Stromae, Sum 41, The Rasmus , Billy Talent, Them Crooked Vultures, Tokio Hotel, The Rasmus, Die Toten Hosen, Stevie Wonder, Dweezil Zappa, ZZ Top...

An den éischte fënnef Joer zanter se op ass, goufen an der Rockhal 550 ëffentlech Evenementer organiséiert an et sinn iwwer 500.000 Leit do passéiert.[3] No 10 Joer louch d'Zuel vun de Concerte bei iwwer 1500, an d'Gesamtzuel vun de Leit, déi do e Concert lauschtere waren, bei annerhallwer Millioun.[4].

Administratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Rockhal gëtt vun engem Verwaltungsrot vun néng Membere geréiert. Véier Membere vertrieden de ministère de tutelle, deem d'Rockhal ënnersteet, een de Budgetsministère an een d'Stad Esch-Uelzecht. Dräi Membere sinn aus der Zivilgesellschaft; et muss sech ëm Perséinlechkeeten handelen, déi kompetent sinn am Kulturellen an an der Gestioun vun Entreprisen[5].

Verwaltungsrot vun der Rockhal
Period President
-2011 Josée Hansen
2016-2017 Jean-Claude Bintz
28.04.2017-15.10.2024 Luc Hentzig
Direktioun vun der Rockhal
Period Direkter
??
2005-2024 Olivier Toth

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rockhal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 26 mai 2004 portant création d'un établissement public nommé Centre de Musiques Amplifiées. legilux.public.lu (26.05.2004). Gekuckt de(n) 11.09.2020.
  2. "Inauguration de la Rockhal". gouvernement.lu
  3. "5 Joer Rockhal: De 25. September fänken d'Festivitéiten un." rtl.lu 14.09.2010, 06:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 14.09.2010, 08:09.
  4. 10 Joer Rockhal - Pressedossier. Sept. 2015.
  5. Artikel 3 aus de Gesetz vun 2004