Kylie Minogue

Vu Wikipedia
Kylie Minogue
Gebuertsnumm Kylie Ann Minogue
Gebuer 28. Mee 1968
Melbourne
Nationalitéit Australien, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Sänger, Filmschauspiller, Filmproduzent, Lidderschreiwer, Liddermécher, Komponist, Moudendesigner, Schrëftsteller, Entreprener, Philanthrop
Famill
Liewenspartner(in) Olivier Martinez, Clément Sibony
Geschwëster Dannii Minogue

D'Kylie Ann Minogue, gebuer den 28. Mee 1968 zu Melbourne, Victoria, ass eng australesch Popsängerin, Songwriterin a Schauspillerin déi zu London lieft. Si huet hir Karriär als Kannerschauspillerin op der australescher Televisioun ugefaangen an ass besser bekannt ginn duerch hir Roll an der Soap Neighbours, éier si 1987 ugefaangen huet, Musek ze maachen.

D'Kylie Minogue huet weltwäit méi wéi 70 Millioune Placke verkaaft a renomméiert Musekspräisser gewonnen, dorënner vill ARIA, Brit a Grammy Awards. Si huet verschidden erfollegräich a vun de Kriticke gelueft Tournéeë gemaach a gouf 2008 vun der Kinnigin Elizabeth II. mam Verdéngschtuerden "Officer" vum Order of the British Empire fir hir Verdéngschter an der Musek ausgezeechent. Am selwechte Joer gouf si vun der franséischer Regierung zum "Chevalier" am Ordre des Arts et des Lettres erhuewen, der Juniorklass an der héchster franséischer Éierenauszeechnung am Kulturberäich. 2011 gouf hir Hitsingle "I Should Be So Lucky" (1987) an d'nationaalt Film- a Soundarchiv vun Australien opgeholl an d'Kylie Minogue krut vun der Anglia Ruskin University a Groussbritannien en Éierendoktortitel wéinst hirer Aarbecht an der Sensibiliséierung iwwer Broschtkriibs. Am November 2011, um 25. Gebuertsdag vun den ARIA Music Awards, ass d'Sängerin vun der Australian Recording Industry Association an d'ARIA Hall of Fame agefouert ginn.

Hir éischt Single, "The Loco-Motion" (1987), war siwe Woche laang Nummer Eent an den australesche Singlecharts an déi meeschtverkaaft Single vum Joerzéngt am Land. Dat huet zu engem Kontrakt mat den erfollegräiche brittesche Produzenten Stock, Aitken & Waterman gefouert. Hiren Debutalbum, Kylie (1988), an d'Single "I Should Be So Lucky" hu sech gutt an den internationalen Charts placéiert, besonnesch an Australien an a Groussbritannien.

Ufanks nach als "Meedche vun niewendrun" presentéiert, huet d'Kylie Minogue duerno probéiert, e méi erwuessene Stil an hirer Musek an an hirem ëffentlechen Optrieden ze presentéieren. Hir Singele si gutt ukomm, mä no véier Albumen hunn d'Verkeef nogelooss an d'Kylie Minogue huet 1992 Stock, Aitken & Waterman verlooss fir sech als onofhängeg Kënschtlerin z'etabléieren. Hir nächst Single, "Confide in Me", stoung 1994 op der Nummer Eent an Australien a war en Hit a verschiddenen europäesche Länner, an d'Duett "Where the Wild Roses Grow" mam Nick Cave huet der Sängerin méi kënschtleresch Credibilitéit verschaaft. Inspiréiert duerch eng ganz Rei verschidde Museksstiler a Kënschtler huet d'Minogue déi kreativ Kontroll iwwer d'Lidderschreiwe vun hirem nächsten Album, Impossible Princess (1997), selwer iwwerholl.

Mat der Single "Spinning Around" an dem Danz-orientéierten Album Light Years huet si et 2000 erëm zu méi Prominenz gepackt, a si ass op der Ofschlosszeremonie vun den Olympesche Summerspiller 2000 zu Sydney opgetrueden. Hir Musekvideoen hunn eng méi sexuell provokativ a flirtéiernd Perséinlechkeet gewisen an aner Hitsingele sinn nogezunn. "Can't Get You Out of My Head" huet et an iwwer 40 Länner op déi éischt Plaz vun den Charts gepackt an och den Album Fever (2001) war e grousse Succès a ville Länner, dorënner den USA, wou d'Kylie Minogue bis dohi wéineg bekannt war. 2005, wärend enger Concertstournée, gouf bei hir Broschtkriibs diagnostizéiert, wat si dozou forcéiert huet, d'Tournée ofzebriechen. No hirer Behandlung huet si mat hirer Karriär weidergemaach an ass 2006 op d'Tournée Showgirl: The Homecoming Tour gaangen.

2014 huet d'Kylie Minogue hire 14. Album Kiss Me Once verëffentlecht a war Jurymember an den drëtte Staffele vun der englescher a vun der australescher Televisiounsshow The Voice. Zu Lëtzebuerg ass d'Kylie Minogue de 5. Juni 2008 an der Rockhal opgetrueden.[1]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Kylie Minogue 2011 um Aphrodite World Tour a Japan
  • Kylie (1988)
  • Enjoy Yourself (1989)
  • Rhythm of Love (1990)
  • Let's Get to It (1991)
  • Kylie Minogue (1994)
  • Impossible Princess (1997)
  • Light Years (2000)
  • Fever (2001)
  • Body Language (2003)
  • X (2007)
  • Aphrodite (2010)
  • Kiss Me Once (2014)
  • Kylie Christmas (2015)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kylie Minogue – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Kylie Minogue an der Rockhal Gearchiveerd op 2016-03-06. Gekuckt de(n) 2015-01-11.