Grammy Awards

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Grammy Award)

D'Grammy Awards oder einfach Grammys (ursprénglech Gramophone Awards) zielen zu de prestigiéiste Präisser an der internationaler Museksindustrie. D'Gewënner gi vun der US-amerikanescher National Academy of Recording Arts and Sciences gewielt. Al Joer gëtt et eng grouss Show, bei där prominent Kënschtler optrieden an d'Präisser an de bekanntste Kategorië verdeelt ginn.

Déi éischt Zeremonie war de 4. Mee 1959, fir musikalesch Leeschtungen aus dem Joer 1958 ze honoréieren. Zënter 1971 gëtt si och live op der Tëlee iwwerdroen.

Ënner de wichtegste Kategorië sinn:

  • Grammy Award for Album of the Year ("Album vum Joer")
  • Grammy Award for Record of the Year ("Opnam vum Joer"; egal op Single oder Album)
  • Grammy Award for Song of the Year ("Lidd vum Joer")
  • Grammy Award for Best New Artist ("Beschten neie Kënschtler")

Zu de Persounen, déi bis 2015 am heefegsten ausgezeechent goufen, zielen den Dirigent Georg Solti (31 Grammy Präisser), an den amerikanesche Produzent Quincy Jones an d'amerikanesch Sängerin a Violonisitin Alison Krauss (allenzwee 27 Grammy Präisser). D'iriesch Rockband U2 ass mat 22 Präisser d'Grupp, déi am heefegste gewonnen huet. De Michael Jackson an d'Band Santana hale mat aacht Präisser de Rekord fir déi meeschte Präisser, déi ee Kënschtler an enger Nuecht gewonnen huet (am Joer 1984 respektiv 2000). Bei de weibleche Kënschtlerinne sinn do d'Sängerinne Beyoncé (2010) an Adele (2012) vir bäi, déi jiddwereng sechs Präisser an enger Nuecht gewonnen huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Academy Awards (och nach Oscar genannt): ee vun de prestigiéiste Präisser an der Filmindustrie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grammy Awards – Biller, Videoen oder Audiodateien