Quincy Jones

Vu Wikipedia
Quincy Jones
Gebuertsnumm Quincy Delight Jones
Gebuer 14. Mäerz 1933
Chicago
Nationalitéit USA
Educatioun Berklee College of Music,
Garfield High School
Aktivitéit Dirigent, Trompettist, Komponist, Bandleader, Jazzmuseker, Autobiograph, Museksproduzent, Dichter, Lidderschreiwer, Museksmanager, Filmproduzent, Schauspiller, Televisiounsproduzent, Arrangeur, Humanitarier
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Ulla Andersson, Peggy Lipton
Liewenspartner(in) Nastassja Kinski
Papp Quincy Delight Jones
Mamm Sarah Frances Wells
Geschwëster Richard A. Jones
Kanner Kidada Jones, Rashida Jones, Kenya Kinski-Jones

De Quincy Delight Jones jr., gebuer de 14. Mäerz 1933 zu Chicago, ass en US-amerikaneschen Jazzmuseker, Komponist, Arrangeur a Produzent.

Nodeems hien an den 1950er-Jore mat Leit wéi der Dinah Washington, dem Lionel Hampton an dem Dizzy Gillespie zesumme gespillt hat, huet hie sech vun den 1960er-Joren un op d'Schreiwen, Arrangéieren a Produzéiere vu Musek konzentréiert. Am Ufank blouf hien dem Genre vum Jazz trei, ma lues a lues huet hien och an de Beräicher Film- a Popmusek geschafft. Vun der Abberzuel vun Artisten, mat deenen en zesummegeschafft huet, ass seng Kollaboratioun mam Michael Jackson, ë. a. als Produzent vum Album Thriller, déi bekanntst.

Den Jones gouf bannent senger Carrière 79 Mol fir e Grammy Award nominéiert an huet en 28 Mol gewonnen.

Hie war dräimol bestuet: mat der Jeri Caldwell (1957 - 1966), dem Mannequin Ulla Andersson (1967 - 1974) an der Schauspillerin Peggy Lipton (1974 - 1990). Vun 1991 bis 1997 war hie mat der Schauspillerin Nastassja Kinski zesummen. Hien ass Papp vu 7 Kanner.

Hien engagéiert sech am soziale Beräich, ë. a. fir d'Bildung vu Kanner aus aarme Verhältnesser a fir d'Sammelen an Erhale vun afroamerikanescher Musek (Institute for Black American Music).

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Quincy Jones – Biller, Videoen oder Audiodateien