De rouden Teppech vun der 81. Oscarzeremonie (2009), mat vergréisserte Versioune vun der Oscar-Statu.
Oscar ass eng Weiderleedung op dës Säit. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. ënner Oscar (Homonymie)
D'Academy Awards , besser bekannt ënner hirem informellen Numm Oscars , sinn e Filmpräis , deen zënter 1929 all Joer vun der US-amerikanescher Academy of Motion Picture Arts and Sciences (AMPAS) un déi bescht Leeschtungen an der Filmindustrie vum Joer virdru verdeelt gëtt.
D'Gewënner kréien eng gëlle Skulptur, déi offiziell Academy Award of Merit heescht an de Spëtznumm Oscar huet. Si stellt e Ritter an Art-Déco-Stil duer.
Oscar fir de beschte Film - (Best Picture ) - zanter 1928
Oscar fir déi bescht Regie - (Best Directing ) - zanter 1928
Oscar fir de beschte Schauspiller - (Best Actor in a Leading Role ) - zanter 1928
Oscar fir déi bescht Schauspillerin - (Best Actress in a Leading Role ) - zanter 1928
Oscar fir de beschte Schauspiller an enger Nieweroll - (Best Actor in a Supporting Role ) - zanter 1936
Oscar fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll - (Best Actress in a Supporting Role ) - zanter 1936
Oscar fir dat bescht Originaldréibuch - (Best Original Screenplay ) - zanter 1940
Oscar fir dat bescht adaptéiert Dréibuch - (Best Adapted Screenplay ) - zanter 1928
Oscar fir déi bescht Dekoren - (Best Production Design ) - zanter 1928
Oscar fir déi bescht Kostümer - (Best Costume Design ) - zanter 1948
Oscar fir de beschte Make-Up a fir déi bescht Coiffuren - (Best Makeup and Hairstyling ) - zanter 1981
Oscar fir déi bescht Fotografie - (Best Cinematography ) - zanter 1928
Oscar de beschte Filmschnëtt - (Best Film Editing ) - zanter 1935
Oscar de beschten Tounmëschung - (Best Sound Mixing ) - zanter 1930
Oscar de beschten Tounschnëtt - (Best Sound Editing ) - zanter 1963
Oscar fir déi bescht visuell Effeten - (Best Visual Effects ) - zanter 1939
Oscar fir de beschte Filmsong - (Best Original Song ) - zanter 1934
Oscar fir déi bescht Filmmusek - (Best Original Score ) - zanter 1934
Oscar fir de beschte Film an enger Friemsprooch - (Best Foreign Language Film ) - zanter 1947
Oscar fir de beschten Animatiounsfilm - (Best Animated Feature ) - zanter 2001
Oscar fir de beschten Documentaire - (Best Documentary Feature ) - zanter 1943
Oscar fir beschte Kuerzfilm (Spillfilm) - (Best Live Action Short Film ) - zanter 1931
Oscar fir de beschten Animatiouns-Kuerzfilm - (Best Animated Short Film ) - zanter 1931
Oscar fir de beschte Kuerzfilm-Documentaire - (Best Documentary Short ) - zanter 1941
Éierenoscar - (Academy Honorary Award )