Lëscht vun de lëtzebuergesche Filmer déi fir eng Oscar-Nominatioun virgeschloe waren
Dësen Artikel gëtt eng Iwwersiicht iwwer all lëtzebuergesch Filmer déi fir en Oscar virgeschloe waren.
Am 21. Joerhonnert goufen eng ganz Rei lëtzebuergesch Filmer als Bäiträg fir de renomméierten US-amerikanesche Filmpräis Academy Award agereecht, besser bekannt als "Oscar". Dëst si souwuel den national Bäitrag an der Kategorie "Beschten internationale Film" (Academy Award for Best International Feature Film), déi virun 2020 "Beschte friemsproochege Film" (Best Foreign Language Film) geheescht huet, wéi och Lëtzebuerger Filmer a Koproduktioune mat anere Länner an anere Kategorien.
Bis ewell gouf just ee lëtzebuergesche Film mat engem Oscar ausgezeechent. Dat ass de lëtzebuergesch-franséischen animéierte Kuerzfilm Mr Hublot am Joer 2014.
Eligibilitéit an Auswiel
[änneren | Quelltext änneren]All Land kann e Film an der Kategorie "Beschten Internationale Film" bei der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, areechen. Dofir muss de Film eng Minimulängt vu 40 Minutten hunn, baussent den USA produzéiert gi sinn a mindestens 50% vum Dialog muss an enger Sprooch sinn, déi net Englesch ass. Dowéinst ass et och obligatoresch, Ënnertitelle beim Areeche vum Film matzeliwweren. Och Animatiounsfilmer an Documentaire sinn zougelooss. De Film muss mindestens siwe konsekutiv Deeg an engem komerzielle Kino gelaf sinn. Donieft gëtt et och ganz spezifesch Krittäre fir d'Film- an d'Audioformat. Schlussendlech muss d'Land, dat de Film areecht, bestätegen, datt d'kreativ Kontrol ("creative control") iwwer de Film gréisstendeels bei engem Bierger oder engem Resident vum Land loung.[1]
Déi Lëtzebuerger Film-Propose gëtt vun enger Jury entscheet. An där Jury sëtze Vertrieder vun de lëtzebuergesche Verbänn vun der audiovisueller Produktioun, de Regisseuren an den Zeenaristen, den audiovisuellen Techniker, de Schauspiller, dem Filmfong, dem CNA an der Stater Cinemathéik.[2][3][4][5]
Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie "Beschten Internationale Film"
[änneren | Quelltext änneren]Zesumme mat der demokratescher Republik Kongo, Südafrika an der Ukraine war Lëtzebuerg 1997 eent vu véier Länner, dat fir d'éischt Kéier e Film an der Kategorie "Beschte friemsproochege Film" agereecht huet.[6] Et war de franséischsproochege Film Elles. 44 aner Länner haten e Film agereecht, an d'Lëtzebuerger Film gouf net nominéiert.
Zënterhier huet Lëtzebuerg reegelméisseg, mä net all Joer e Film agereecht. 2010, 2011 an 2012 ass de lëtzebuergeschen Auswiecomtié all Joer zesummekomm, mee huet bekannt ginn, datt wéinst engem Manktem u gëeegnete Kandidate kee Film géif ageschéckt ginn.[7]
Et gouf nach kee Film nominéiert.
De Film Your Name Is Justine aus dem Joer 2006 gouf vun der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, disqualifizéiert. D'Akademie hat zwar kuerz virdrun de Krittär, datt de Film an der Landessprooch misst sinn, ofgeschaaft[8], mä de Film gouf verworf well e Land fir seng Propositioun misst beweise kënnen, datt "kreatiivt Talent vum Land d'kënschtleresch Kontrol iwwert de Film" hat, an dat wier net de Fall gewiescht. Den Joy Hoffmann, deemolege President vum Selectiounscomité, huet seng Enttäuschung iwwer déi Entscheedung ausgedréckt a commentéiert, datt de Comité sech bewosst war, datt Your Name Is Justine e grenzwäertege Bäitrag wier, mä datt et de Film ouni Lëtzebuerg net géif gi. Lëtzebuerg hätt 75% vum Budget geliwwert.[9] De polnesch-, däitsch an engleschsproochege Film vum Regisseur Franco de Pena, deen am Venezuela gebuer ass an a Pole lieft, ass eng Koproduktioun tëscht der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Hemisphere Films an dem polneschen Opus Film. E spillt zu Berlin a gouf gréisstendeels zu Lëtzebuerg gedréint.[10]
Joer (Zeremonie) |
Film | Regisseur/in | Sprooch | Resultat | Quell |
---|---|---|---|---|---|
1997 (70.) |
Elles | Luis Galvao Teles | Franséisch, Portugiesesch | net nominéiert | [6] |
1998 (71.) |
Back in Trouble | Andy Bausch | Lëtzebuergesch, Däitsch | net nominéiert | [11] |
1999 (72.) |
- | - | - | - | - |
2000 (73.) |
- | - | - | - | - |
2001 (74.) |
- | - | - | - | - |
2002 (75.) |
Petites misères | Philippe Boon a Laurent Brandenbourger | Franséisch | net nominéiert | [12] |
2003 (76.) |
J'ai toujours voulu être une sainte | Geneviève Mersch | Franséisch | net nominéiert | [13] |
2004 (77.) |
- | - | - | - | - |
2005 (78.) |
Le Roman de Renart | Thierry Schiel | Franséisch | net nominéiert | [14] |
2006 (79.) |
Your Name Is Justine | Franco de Pena | Polnesch, Englesch, Däitsch | disqualifizéiert | [2][9][15] |
2007 (80.) |
Perl oder Pica | Pol Cruchten | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [16] |
2008 (81.) |
Nuits d'Arabie | Paul Kieffer | Franséisch, Arabesch, Lëtzebuergesch | net nominéiert | [17] |
2009 (82.) |
Réfractaire | Nicolas Steil | Franséisch | net nominéiert | [18] |
2010 (83.) |
- | - | - | - | - |
2011 (84.) |
- | - | - | - | - |
2012 (85.) |
- | - | - | - | - |
2013 (86.) |
Doudege Wénkel | Christophe Wagner | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [3] |
2014 (87.) |
Never Die Young | Pol Cruchten | Franséisch | net nominéiert | [19] |
2015 (88.) |
Baby (a)lone | Donato Rotunno | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [20] |
2016 (89.) |
Voices from Chernobyl | Pol Cruchten | Franséisch | net nominéiert | [4] |
2017 (90.) |
Barrage | Laura Schroeder | Franséisch | net nominéiert | [21][22][23] |
2018 (91.) |
Gutland | Govinda Van Maele | Lëtzebuergesch, Däitsch | net nominéiert | [24] |
2019 (92.) |
Tel Aviv on Fire | Sameh Zoabi | Hebräesch, Arabesch | net nominéiert | [25] |
2020 (93.) |
Cuentos del río | Julie Schroell | Spuenesch | net nominéiert | [26] |
2021 (94.) |
Io sto bene | Donato Rotunno | Italieenesch, Franséiesch, Lëtzebuergesch | net nominéiert | [27] |
2022 (95.) |
Icare | Carlo Vogele | Franséisch | net nominéiert | |
2023 (96.) |
Läif a Séil | Loïc Tanson | Lëtzebuergesch | net nominéiert | [28] |
Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen
[änneren | Quelltext änneren]Donieft gëtt et eng ganz Rei Filmer, déi vu lëtzebuergeschen Entreprise koproduzéiert goufen an déi vun anere Länner als deenen hir Propositioun agereecht goufen.
Joer (Zeremonie) |
Film (Regisseur/in) |
Areechungsland (a Koproduktiounslänner) |
Sprooch | Resultat | Quell |
---|---|---|---|---|---|
2003 (76.) |
De tweeling Olivier Masset-Depasse |
Holland (Lëtzebuerg) |
Hollännesch | net nominéiert | [29] |
2010 (83.) |
Illégal Olivier Masset-Depasse |
Belsch (Lëtzebuerg, Frankräich) |
Franséisch, Russesch | net nominéiert | [30] |
2010 (83.) |
La petite chambre Stéphanie Chuat a Véronique Reymond |
Schwäiz (Lëtzebuerg) |
Franséisch | net nominéiert | [31] |
2015 (88.) |
Le Tout Nouveau Testament Jaco Van Dormael |
Belsch (Lëtzebuerg) |
Franséisch | net nominéiert | [32] |
2020 (93.) |
Deux Filippo Meneghetti |
Frankräich (Belsch, Lëtzebuerg) |
Franséisch | net nominéiert | [33] |
2020 (93.) |
Colectiv Alexander Nanau |
Rumänien (Lëtzebuerg) |
Rumänesch | nominéiert | [34] |
Lëtzebuerger Filmer an anere Kategorien
[änneren | Quelltext änneren]Mr Hublot vum Laurent Witz an Alexandre Espigares aus dem Joer 2013 gouf als bis ewell eenzeg lëtzebuergesch Produktioun mam Oscar präisgekréint, an dat an der Kategorie "Beschten animéierte Kuerzfilm" (Academy Award for Best Animated Short Film). En ass eng Koproduktioun tëscht dem Fransous Laurent Witz an dem Lëtzebuerger Alexandre Espigares.[35]
En Rei aner Filmer, bal alles Koproduktioune mat anere Länner, hunn et gepackt fir an anere Kategorien nominéiert ze ginn. Déi meescht dovu sinn Animatiounsfilmer.
Joer (Zeremonie) |
Film (Regisseur/in) |
Sprooch | Produktiounslänner | Kategorie | Resultat | Quell |
---|---|---|---|---|---|---|
2000 (76.) |
Shadow of the Vampire E. Elias Merhige |
Englesch | Lëtzebuerg, USA, Groussbritannien | Beschte Schauspiller an enger Nieweroll ("Academy Award for Best Supporting Actor") fir de Willem Dafoe Beschte Maquillage ("Academy Award for Best Makeup and Hairstyling") fir d' Ann Buchanan an d'Amber Sibley |
nominéiert | [36] |
2013 (86.) |
Ernest et Célestine Stéphane Aubier, Vincent Patar a Benjamin Renner |
Franséisch | Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") | nominéiert | [37] |
2013 (86.) |
Mr Hublot Laurent Witz an Alexandre Espigares |
ouni Dialog | Lëtzebuerg, Frankräich | Beschten animéierte Kuerzfilm ("Best Animated Short Film") | gewonnen | [35] |
2014 (87.) |
Song of the Sea Tomm Moore |
Englesch / Iresch / Franséisch (dräi Sproocheversiounen) | Lëtzebuerg, Irland, Belsch, Dänemark, Frankräich | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature Film") | nominéiert | [38] |
2017 (90.) |
The Breadwinner Nora Twomey | Englesch | Lëtzebuerg, Kanada, Irland | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") | nominéiert | [35] |
2020 (93.) |
Wolfwalkers Tomm Moore a Ross Stewart |
Englesch | Lëtzebuerg, Irland, Frankräich | Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") | nominéiert | [34][35] |
2020 (93.) |
Colectiv Alexander Nanau |
Rumänesch | Lëtzebuerg, Rumänien | Beschten Documentaire ("Best Documentary Feature") | nominéiert | [34] |
2023 (96.) |
La valise rouge Cyrus Neshvad |
Lëtzebuerg | Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm | nominéiert |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ oscars.org: Rules & Eligibility - 94th Oscar Rules - International Feature Film - Additional Resources (ondatéiert, gekuckt den 23. Dezember 2021)
- ↑ 2,0 2,1 Luxembourg has Oscar hopes for Justine (27. September 2006)
- ↑ 3,0 3,1 "Doudege Wénkel" défendra les couleurs luxembourgeoises dans la course aux Oscars! (30. August 2013)
- ↑ 4,0 4,1 rtl.lu: "La Supplication" vertrëtt Lëtzebuerg bei den Oscaren (11. September 2016)
- ↑ cineuropa.org: Luxembourg sends Voices from Chernobyl to the Oscars (12. September 2016)
- ↑ 6,0 6,1 oscars.org: 44 Countries Hoping for Oscar Nominations (24. November 1997; archivéiert)
- ↑ variety.com: Luxembourg sits out Oscar foreign language race vum Ian Mundell (20. Setpember 2012)
- ↑ rediff.com: Water is Canada's Oscar entry (22. September 2006)
- ↑ 9,0 9,1 upi.com: Luxembourg 'disappointed' by Oscar snub (8. November 2006)
- ↑ variety.com: Lux out of ‘Name’ game (8. November 2006)
- ↑ oscars.org: 45 Countries Submit Films for Oscar® Consideration (19. November 1998; archivéiert)
- ↑ paperjam.lu: Le film "Petites Misères" aux Oscars (12. November 2002)
- ↑ culture.luxembourg.public.lu: Arts et culture au Luxembourg. Une culture riche en diversité. Le cinéma (gekuckt de 25. November 2021)
- ↑ oscars.org: 58 Countries Vying for 2005 Foreign Language Film Oscar® (25. Oktober 2005; archivéiert)
- ↑ oscars.org: 61 Countries Seeking Foreign Language Film Oscar® (19. Oktober 2006; archivéiert)
- ↑ automatentest.de: Kleine Geheimnisse (Perl oder Pica) (gekuckt de 25. November 2021)
- ↑ awn.com: 67 Countries Vying for 2008 Foreign Language Film Oscar (17. Oktober 2018)
- ↑ gouvernement.lu: "Réfractaire" défendra les couleurs luxembourgeoises dans la course aux Oscars (23. September 2009)
- ↑ luxtimes.lu: Harrowing true story from Luxembourg is Oscar hopeful (28. August 2014)
- ↑ cineuropa.org: Baby(A)lone is Luxembourg’s Oscars hopeful (24. August 2015)
- ↑ eldo.lu: De Film "Barrage" geet fir Lëtzebuerg an d'Course (gekuckt de 25. November 2021)
- ↑ lequotidien.lu: Oscars 2018 : « Barrage » de Laura Schroeder, choisi pour représenter le Luxembourg (11. September 2017)
- ↑ wort.lu: «Barrage» choisi pour les Oscars (8. September 2017)
- ↑ cineuropa.org: Luxembourg pins its hopes on Gutland for the Oscars (10. September 2018)
- ↑ hollywoodreporter.com: Oscars: Luxembourg Selects ‘Tel Aviv on Fire’ for International Feature Film Category (24. September 2019)
- ↑ gemengen.lu: « River Tales / Cuentos del rio » désigné pour représenter le Luxembourg dans la course aux Oscars 2021 (6. Oktober 2020)
- ↑ gouvernement.lu: Le film "Io sto bene" de Donato Rotunno défendra les couleurs du Luxembourg dans la course aux Oscars 2022 (25. Oktober 2021)
- ↑ Oscars et Goyas 2024: "Läif a Séil" représentera le Luxembourg. Communiqué op gouvernement.lu (15.09.2023)
- ↑ trouw.nl: Oscar-nominatie voor 'De Tweeling (28. Januar 2004)
- ↑ cineuropa.org: Illegal sets sights on Oscar nomination (20. September 2010)
- ↑ variety.com: Belgium Sends ‘The Brand New Testament’ To Foreign-Language Oscar Race (22. September 2015)
- ↑ cineuropa.org: Belgium Sends ‘The Brand New Testament’ To Foreign-Language Oscar Race (7. Januar 2011)
- ↑ slate.fr: On n'a pas assez parlé de «Deux», le représentant français aux Oscars 2021 vum Thomas Messias (26. Dezember 2020)
- ↑ 34,0 34,1 34,2 rtl.lu: "Collective" and "Wolfwalkers", two Luxembourg co-productions, nominated for an Oscar (16. Mäerz 2021)
- ↑ 35,0 35,1 35,2 35,3 cineuropa.org: Mr Hublot earns Luxembourg its first Oscar (3. Mäerz 2014)
- ↑ imdb.com: Shadow of the Vampire (2000) - Awards
- ↑ rtbf.be: Oscars - "Ernest et Célestine" ne remporte pas l'Oscar du meilleur film d'animation (3. Mäerz 2014)
- ↑ wort.lu: «Song of the Sea» rentre bredouille des Oscars (23. Februar 201§5)