Julie Schroell
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Julie Schroell | |
---|---|
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur |
D'Julie Schroell ass eng lëtzebuergesch Filmregisseurin.
Si huet op der Université libre de Bruxelles (ULB) Zäitgeschicht a Film studéiert. Zu där Zäit huet si hiren éischten Documentaire, 100 Joer Jeunesse Esch - E stoarkt Stéck Minett, gedréint.[1]
2008 huet si zu Lëtzebuerg den Documetaire De Bauereblues realiséiert. En ass 2011 erauskomm.
Si dréint allgemeng Informatiounsfilmer, Musekvideoen, audiovisuell Installatiounen, ë. a. fir verschidden Theaterproduktiounen, zu Berlin an zu Lëtzebuerg.[1]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- julieschroell.com, hire Website.