Université libre de Bruxelles

Vu Wikipedia
Université libre de Bruxelles
(ULB)
Typ Universitéit
Land Belsch
Schülerzuel 31.606
  2020
Gegrënnt 28. Mee 1970
Um Spaweck http://www.ulb.ac.be/

D'Université libre de Bruxelles, ofgekierzt ULB, ass eng francophon Universitéit zu Bréissel. Se gouf den 20. November 1834, ënner dem Afloss vun de Liberalen, zu Bréissel als Université libre de Belgique gegrënnt. Eng Rei Jore spéider huet se sech op Université libre de Bruxelles ëmgedeeft.

Campussen[änneren | Quelltext änneren]

D'ULB ass op 3 Campusse verdeelt:

Um Campus de la Plaine fënnt een nieft der ULB och d'VUB.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

No der Onofhängegkeet vun der Belsch an deem domat verbonnene Chaos, ë. a. an der Schoulpolitik, an no engem mëssgléckte Versuch vun 1831, gouf d'ULB 1834 vu Liberalen a Fräidenker, respektiv Fräimaurer, gegrënnt (offiziell Ouverture war den 20. November 1834). An den éischte Joren no der Grënnung huet déi nei Universitéit offiziell Université libre de Belgique geheescht. Den Haaptmann vun där Grënnungsentreprise war de Jurist a Politiker (ë. a. Chamberspresident) Pierre-Théodore Verhaegen (1796-1858), dee mat der Jeanne Philippine Françoise Josèphe Barbanson bestuet war. D'Grënnung vun der ULB ass natierlech fir d'éischt eng Reaktioun op d'Grënnung, duerch de belschen Episkopat, vun enger kathoulescher Uni zu Mechelen, der Université catholique de Belgique, déi kuerz duerno d'Gebaier vun der ofgeschaafter staatlecher Uni vu Léiwen sollt iwwerhuelen a sou déi haiteg kathoulesch Universitéit vu Léiwen gegrënnt huet.

Nodeem déi meescht Fakultéiten zanter de 60er Joren hir Coursë souwuel op Franséisch wéi op flämesch gehalen hunn, gouf decidéiert d'ULB opzesplécken. Am Oktober 1969 ass d'VUB (Vrije Universiteit van Brussel) entstanen, de flämesche Pendant zu der nëmme méi frankophoner ULB. D'Bezéiungen tëscht der ULB an der VUB sinn awer ganz gutt bliwwen. Nieft der enker akadeemescher Zesummenaarbecht, ë. a. um gemeinsame Campus de la Plaine (Fl.: Plein), gesäit een, datt d'Union des Anciens Étudiants de l'ULB (UAE) gutt mam Oude Studentenbond (OSB) zesummeschafft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Jacques Hoebanx, Les origines de l'Université libre de Belgique ; in: TELEX - Magazine de l'ULB et de l'UAE, Nr. 130 / November 1997; S. 7.
  • (Kollektiv - 14 Auteuren), Pierre-Théodore Verhaegen: L'homme, sa vie, sa légende - Bicentenaire d'une naissance ; Bréissel (Université libre de Bruxelles), 1996; 266 Säiten. Dépôt légal: D-1996-2032/1
  • André Uyttebrouck, Les libéraux et la fondation de l'Université de Bruxelles ; in: Église et enseignement - Actes du Colloque du Xième anniversaire de l'Institut d'Histoire du Christianisme de l'Université libre de Bruxelles ; Bréissel, 1977; Ss. 169-179.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]